Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hoffnung op manner Autosverkéier

Gratis ëffentlechen Transport

Hoffnung op manner Autosverkéier

D'Decisioun fir den ëffentlechen Transport gratis ze maache geet zréck op de Koalitiounsaccord vun den dräi Regierungsparteien. Ronn 500 Milliounen Euro kascht den ëffentlechen Transport de Staat elo schonn. An Zukunft kommen 41 Milliounen Euro dobäi, eng Zomm déi bis elo de Verkaf vu Billjeeën abruecht huet. Erhofft gëtt sech, datt an Zukunft méi Leit dës Offer an Usproch huelen a manner an den eegenen Auto klammen.

auto_stories

2 min

De Frontalier muss bis un d'Grenz vu Lëtzebuerg bezuelen, de Rescht vum Trajet hei am Land ass dann och fir hie gratis. Ob elo an Zukunft Frontaliere Grenzdierfer zou parken, dat misst an de nächste Méint ënnersicht ginn, sou Dany Frank. Vill Gemengen hätten an der Vergaangenheet scho reagéiert fir déi méiglech Problematik an de Grëff ze kréien.

D'Zuchpersonal muss an Zukunft vill manner Billjeeë kontrolléieren, well just nach fir déi éischt Klass en Ticket gebraucht gëtt. Op de Garë bleiwen d'Automate fir Ticketen ze kafe stoen, just um Reseau vum Tram gi se ewech geholl. Ee ganz wichtegen Outil fir den ëffentlechen Transport war d'mKaart. Déi bleift och an Zukunft bestoen. Et kann ee se weider benotze fir den Accès fir d'mBox, den Accès op de Chargy-Bornen, fir op verschiddene Park and Ridë gratis ze parken, oder fir den Zerwiss vum Vël'Ok a ville Süd-Gemengen.

Evaluatioun vun de Passsagéierzuelen an eventuell Upassungen

Jiddereen deen de gratis ëffentlechen Transport notzt muss sech zu all Moment kënnen ausweisen a beim Net-Respekt vun den allgemenge Reegele kann den Accès refuséiert ginn. Am Tram funktionéiert schonn een automatesche System fir d'Zuel vun de Passagéier ze erfaassen, beim Zuch a bei de Busser solle sou Systemer no an no agebaut ginn. A ronn engem Joer soll een éischte Bilan gezunn a gekuckt ginn wéi de gratis ëffentlechen Transport ugeholl gouf a wéi eng Upassungen eventuell musse gemaach ginn.

D'Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport gëtt dësen 29. Februar grouss gefeiert. Ob véier Garë sinn am Laf vum Dag verschidde Lëtzebuerger Museker am Asaz. De Samschdeg vun 18 Auer u gëtt am neien Tramsschapp um Kierchbierg gefeiert.