Wat eng Therapie nämlech méi fréi kéint ugefaange ginn, wat d'Liewensqualitéit an -erwaardung vun engem Mënsch mat HIV méi no un déi vun enger net-infizéierter Persoun erukéim. Well d'Infektioun keng Symptomer ausléist, géifen déi Betraffen hir Diagnos heefeg eréischt da kréien, wann d'Krankheet Aids bis ausgebrach wier.
Am Kader vun der europäescher Woch fir den Depistage organiséiert d'HIV-Berodung a Collaboratioun mam Gesondheetsministère an der Divisioun fir Preventiv-Medezin vun der Santésdirektioun eng Rei Aktiounen, déi d'Ëffentlechkeet fir d'Wichtegkeet vun enger séierer Diagnos solle sensibiliséieren. Ënner anerem ass déi mobil Unitéit, DIMPS, déi nächst Woch a verschidde Plazen uechter d'Land stationéiert, an där d'Leit sech kënnen op eng Infektioun teste loossen. Dobäi ginn e puer Drëpse Blutt aus engem Fanger ofgeholl an et kritt ee quasi direkt d'Resultat vun der Analys. De Prinzip bei de Schnelltester aus dem Supermarché ass dee selwechten.
D'Laurence Mortier präziséiert awer, datt ee misst dräi Méint waarden, nodeems een den Infektiounsrisiko bestanen hätt, éier een e fiabelt Resultat bei de Schnelltester kritt. Bei der traditioneller Bluttanalys muss een nëmme sechs Woche waarden.
Concernéierter kéinten am DIMPS, wann eng Infektioun mam HIV-Virus géif festgestallt ginn, dann och direkt berode ginn.