Historesch wier dës Welt-Klimakonferenz och bal vu senger Längt ginn. Zwou Nuechte laang gouf verhandelt, de Rekord vun der längster COP gouf awer knapp net iwwertraff. Haut sinn et déi manner entwéckelt Länner a vill Ëmwelt-Aktivisten déi sech zefridde weisen.
Well e Fong fir méi aarm Länner wéinst Schied a Verloschter ënnert d'Äerm ze gräife gouf et bis elo nach net. Besonnesch d'USA hu sech Joerzéngte laang dogéint ageschwat, aus Angscht si missten éiweg fir Schied opkommen, als eent vun de Länner dat déi gréissen Zäregas-Emissiounen huet, an historesch als eent vun den Haapt-Responsabele fir de Klimawandel gëllt.
En "historeschen Accord" fir verschidde Länner
Déi kleng Inselstaaten, a Länner wéi Pakistan, dat jo dat lescht Joer u schlëmmen Iwwerschwemmunge gelidden huet, hunn dësen Akkord als historesche Schrëtt an déi richteg Richtung gefeiert.
Méi Detailer vun dësem Fong, an e Mechanismus, sollen op der nächster UN-Klimakonferenz an de Vereenegten Arabeschen Emirate verhandelt ginn. D'COP28 gëtt an engem Pëtrol-Staat organiséiert.
D'Limitte vun engem Accord
Nieft deem Succès weist den Akkord vun dëser COP27 och seng Limitten. Et gouf kee Progrès wat en Enn vu fossiller Energie ugeet, den Haaptgrond iwwerhaapt fir d'Äerderwiermung.
An d'Zil fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren, dat ass mat dësem Accord nach méi a Fro gestallt.