Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Historesche Finanzpak, dee säi Präis huet

EU-Sommet

Historesche Finanzpak, dee säi Präis huet

No iwwer 90 Stonne Verhandlungen: D'EU gëtt sech eens iwwer e Finanzpak vun 1,8 Billiounen Euro, dorënner ee Fonds de Relance vun 750 Milliarden Euro. Bei den zéie Verhandlunge gouf de roude Bic a Beräicher ugesat, fir déi sech Lëtzebuerg staark gemaach hat.

auto_stories

4 min

De Bäitrag vum Danièle Weber lauschterenplay_arrow


Et ass dee gréisste Finanzpak, deen d'EU jeemools decidéiert huet. Zum Pak gehéiert den EU-Budget fir déi nächst siwe Joer mat eppes iwwer 1.000 Milliarden Euro, an ee Fonds de Relance mat 750 Milliarden Euro. Dee Fonds gëtt a Form vu Subsiden a Kreditter un d'Memberlänner verdeelt a soll hinnen hëllefen d'Suitte vun der Wirtschaftskris opzefänken.

Um Sommet, dee schonn e Freideg ugefaangen hat, war deeglaang virun allem doriwwer gestridde ginn, wéi vill Suen aus deem Fong als Subside sollten ausbezuelt ginn. Suen also, déi net mussen zeréckbezuelt ginn.

Grouss Zougeständnesser un déi "Spuersam"

Een "historesche Moment", huet de franséische President Emmanuel Macron um Dënschdeg de Moie kuerz no sechs Auer festgestallt, wéi d'Verhandlungen eriwwer waren. Si wier frou, datt ee sech um Enn "zesummegerauft" hätt, sot déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel an huet sech erliichtert gewisen.

Den Accord war eréischt no ganz zéie Verhandlunge méiglech. Erauskoum ee Kompromëss, bei deem den Deel vun de Subside mat elo 390 Milliarden Euro däitlech ënner deene geplangte 500 Milliarde läit. Déi véier Länner, mat virop Holland an Éisträich, déi sech selwer déi "Spuersam" nennen, hu sech selwer héich Rabatter ausgehandelt. Dat si Reduktiounen op deem, wat si an den EU-Budget abezuele mussen, vun deenen och Däitschland profitéiert.

Manner Sue fir Klima, Recherche a Gesondheet

Dës Rabatter falen elo nach méi héich aus, wéi ursprénglech geplangt. Lëtzebuerg war der Meenung, datt ee se ganz misst ofschafen. Datt se elo erhéicht ginn, wier kee "gutt Signal", sot direkt nom Sommet de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.

Domat géifen déi 53 Milliarden enzwousch anescht feelen. Effektiv hunn déi Rabatter hire Präis: am Géigenzuch gouf an de Beräicher Klima, Recherche a Gesondheet gekierzt.

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an de Rotspresident Charles Michel. Foto: EU / Dario Pignatelli

Lëtzebuerg hat sech am Géigendeel dofir staark gemaach hat, dofir méi Suen auszeginn. De Premier ass dowéinst net nëmmen zefridde mat deem Deal.

"Mir bleiwen a verschiddene Beräicher ënner den Ambitiounen, déi mer gäre gehat hätten."

Gestridde gouf um Enn vill doriwwer, a wéi enger Form d'Ausbezuele vun EU-Suen an Zukunft soll un de Respekt vum Prinzip vum Rechtsstaat gebonne ginn. Och hei goufen Zougeständnesser gemaach, dës Kéier un d'Ostlänner Polen an Ungarn. Si hu sech géint esou een Instrument gewiert. Um Enn gouf een ofgeschwächt Instrument festgehalen, iwwer dat d'Meenungen, wéi wierksam et wäert sinn, auserneeginn.

Lëtzebuerg kritt zousätzlech 100 Milliounen Euro

An deem ganze Pak goufe vill Zougeständnesser no lenks a riets gemaach. Lëtzebuerg hat ugefrot méi Subsiden ze kréien, wéi ufanks annoncéiert. Am Text ginn elo 100 Milliounen Euro ernimmt, déi Lëtzebuerg zousätzlech als Subsiden zoustinn.

Vu wéi engem Montant Lëtzebuerg elo am Ganze géif profitéieren, wollt de Premier net preziséieren. Och net, mat wéi vill sech de Grand-Duché muss um Zeréckbezuele vun der Schold bedeelegen, déi elo am Kader vum Fonds de Relance gemaach gëtt.

Den Zuelen no, déi d'Kommissioun schonn am Abrëll presentéiert hat, hätt Lëtzebuerg am Kader vum Fonds de Relance vun 170 Milliounen Euro profitéiert an hätt misse vun 2027 u bannent 30 Joer 3,4 Milliarden Euro nees an d'EU-Keess zeréckbezuelen. Dat géif heeschen, datt de Grand-Duché 20 Mol esou vill zeréckbezuele muss, wéi erakënnt, hat den CSV-Deputéierte Laurent Mosar den 9. Juli an der Chamber kritiséiert an Detailer vum Premier gefrot.

Dee Rapport wier elo anescht a léich éischter bei fënnef bis sechs, esou de Xavier Bettel um Dënschdeg Moien. "Dat, wat um Ufank behaapt gouf, ass haut net méi d'Realitéit." Déi 100 Milliounen Euro kënne retroaktiv fir Depense benotzt ginn, déi mat der Corona-Kris ze dinn hunn, esou de Premier.

De geneeë Kalkül doriwwer, wéi eng Subside Lëtzebuerg krit, an a wéi engem Mooss ee sech um Zeréckbezuele vun der Schold bedeelege muss, misst nach gemaach ginn, esou de Xavier Bettel.