Radioen

On air

9 bis 1  |  Hot Chip - Hungry Child (Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Herbizid Glyphosat dierf an d'Verlängerung

AUTORISATIOUN BIS ENN 2023

Herbizid Glyphosat dierf an d'Verlängerung

D'EU-Kommissioun huet wëlles, d'Autorisatioun fir deen ëmstriddenen Herbizid Glyphosat bis Enn 2023 ze verlängeren. Si waart op een Avis vun der Europäescher Agence fir Liewensmëttelsécherheet.

auto_stories

1 min

Dee wuel ëmstriddenste Pestizid Glyphosat dierf méiglecherweis an der Europäescher Unioun nach bis Enn 2023 weider agesat ginn. D'Europäesch Kommissioun huet Wëlles d'Autorisatioun ze verlängeren, obschonn et dofir keng Majoritéit ënner de Memberlänner gëtt.

Zu Lëtzebuerg ass den Asaz vu Glyphosat zanter zejoert verbueden. D'Mëttel gëtt awer nach ëmmer an de meeschte Länner vun der Europäescher Unioun gebraucht, fir sou genannten "Onkraider" dout ze sprëtzen.

Et ass dowéinst ëmstridden, well Glyphosat op d'mannst a verschiddenen Etüden eng kriibserreegend Wierkung nogesot gëtt.

Wat stécht hanner der Decisioun vun der Europäesch Kommissioun, déi Autorisatioun elo géint de Wëlle vun de Länner verlängeren? Dat explizéiert eis EU-Korrespondentin Danièle Weber.