Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Henri Kox gesäit sech duerch den IWF a senger Aarbecht bestätegt

Logement

Den Henri Kox gesäit sech duerch den IWF a senger Aarbecht bestätegt

Fir den Drock um Wunnengsmarché ze reduzéiere sinn urgent Mesuren néideg, esou den Internationale Wärungsfong rezent, no senger Visitt hei am Land. Fir d'Ongläichgewiicht um Wunnengsmaart ze reduzéieren, sollten ënner anerem d'Efforte vergréissert ginn, fir d'Offer u Wunnraum ze verstäerken, recommandéiert den IWF.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow

De Logementsminister Henri Kox gesäit sech duerch d'Recommandatiounen a senger Politik bestätegt. Et géifen awer nach eng Rei Hausaufgaben ze maache bleiwen.

"Et geet voll an d'Strategie, déi mer amgaang sinn ze féieren", seet de Minister no der Publikatioun d'lescht Woch vun de Recommandatioune vum Internationale Wärungsfong. Fir de Logementsministère wier et eng Prioritéit fir ëffentlechen, bezuelbare Wunnengsbau net méi un de private Marché ze verléieren a fir den Encadrement vum Privatmarché besser ze maachen.

Grad am Beräich vum Encadrement vum private Marché wieren awer nach eng Rei Efforten ze maachen, erkläert de Minister. "Mir sinn am gaangen de Leerstand - wat jo och vun der Etüd elo gesot gëtt - d'Leerstandssteier si mer am gaangen, d'Grondsteier an d'Mobiliséierungssteier."

Eng manner héich Konzentratioun vun der Nofro vu Wunnraum duerch méi Télétravail

Duerch d'Dezentraliséierung vun den Aktivitéite soll déi geographesch Konzentratioun vun der Nofro no Wunnraum reduzéiert ginn, huet den IWF no senger Missioun hei am Land virgeschlo. Dat kéint zum Beispill duerch d'Fërderung vum Homeoffice geschéien. Et misst een awer e gesonden Equiliber fannen, tëscht Produktivitéit an Innovatioun, sou den Henri Kox.

Villes misst dobäi beduecht ginn, mee d'Regierung wier gewëllt, och weiderhin an déi Richtung ze goen, esou de grénge Minister Henri Kox.