Den Tom Wirion schwätzt vun engem "gudden Usaz", deen et elo géif gëllen ëmzesetzen. Et wier schwéier anzeschätzen, ob dës Moossnamen am aktuelle Kontext vun der Kris am Bau-Secteur duer ginn, esou de Direkter vun der Chambre des métiers.
"Wichteg ass, datt Aktivitéit ka generéiert ginn. An ech mengen dat ass ee vun de Leitfaden aus deem Pak vun 13 Mesuren, datt et soll Aktivitéite schafen, ouni datt een elo muss grouss Gesetzesännerunge maachen."
D'Zuel vun de Faillitten am Bau-Secteur wier dem Tom Wirion no scho liicht geklommen.
"Do ass elo nach net, datt d'Luucht op rout ass. Mir erwaarden ons, an dat soe mir zënter Méint, datt dat warscheinlech nom Congé collectif - wa keng Mesuren do sinn a wann elo verschidde Saachen elo net géife gräifen - datt mir do Effete wäerte gesinn."
Kommen d'Mesuren ze spéit?
D'Handwierker-Kammer schléisst awer net aus, datt de Pak mat Hëllefsmesurë fir de Bau-Secteur reajustéiert, respektiv completéiert muss ginn: dat fir de Fall, datt déi privat Nofro trotz dem neie Moossname-Pak net substantiell géif klammen.
D'Chambre des métiers hätt sech gewënscht, datt schonn elo weider Mesuren zréck behal gi wieren, déi méi wäit ginn.
Den Direkter vun der Chambre des métiers kritiséiert och, datt d'Regierung hir Mesurë fir de Bau-Secteur ze spéit decidéiert hätt. Zu de méigleche Grënn dofir stellt den Tom Wirion seng eegen Hypothees op.
"Ech kéint mir virstellen, datt bei verschiddene Regierungsmembere villäicht den Amalgamm gemaach gëtt (...), tëschent de Promoteuren an dem Bau-Handwierk. Mee et brauch een och Promoteuren, net datt mir ons falsch verstinn. Do sinn d'Margen anerer, wéi beim Bau-Handwierk (...). Mee wann een einfach de Bau-Secteur just kuckt, dann ass d'Marge bénéficiaire en moyenne avant imposition bei fënnef Prozent."
Do si wier een awer nach wäit ewech vun deenen Zuelen, déi viru Méint dorëmmer vehiculéiert gi wieren, gëtt den Tom Wirion ze Bedenken.
"An ech kéint mir virstellen, datt eng Rei Regierungsmembere sech domat schwéier dinn a vermëschen... a mengen all Mënsch hätt do Margen am zweestellege Beräich."
Kuerzaarbecht am Moment keen Theema
D'Kuerzaarbecht wier de Moment nach keen Thema, et kéint awer eent ginn, esou den Tom Wirion. D'Grënne vun neien Handwierks-Betriber wier awer quasi op null ukomm.
"Fir den Hierscht gëtt et spannend. A mir hätten ons an deem Sënn erwënscht, datt déi Mesuren hei, also déi hätte sécher méi een Impakt, wa se éischter komm wieren. Mir sinn awer zefridden, datt dat elo sou do ass. Mee mir si säit Oktober d'lescht Joer ënnerwee. A wann een éischter un ass, kann een och méi erreechen."
Souwäit d'Analys vum Tom Wirion. De Bau-Secteur, dat si ronn 4.000 Betriber mat 55.000 bis 60.000 Beschäftegten.