Radioen

On air

9 bis 1  |  Future Islands - Ancient Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hëllef op 5.400 Quadratmeter

Neie Logistikzentrum vum Roude Kräiz

Hëllef op 5.400 Quadratmeter

Virun dräi Joer huet d'Rout Kräiz d'Lokalitéite vun engem fréiere Miwwelgeschäft zu Léiweng opkaaft. Zënterhier gouf renovéiert an ëmgebaut. Elo ass den neie Logistikzenter bereet fir den Asaz. D'Hëllefsassociatioun regroupéiert ënnert engem Dag verschidden Aktivitéiten.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Zu Léiweng huet d'Rout Kräiz elo 5.400 Quadratmeter zur Dispositioun. "Et schaffen eng 80 Leit do", seet de Luc Scheer aus dem Direktiounscomité vum Roude Kräiz. Dat geet vu fest Ugestallten, bei Benevoller, nieft enger Partie Leit, déi de REVIS kréien. De ganze Projet erlaabt hinnen an e festen Aarbechtsrhythmus eran ze kommen.

Am ale Miwwelgeschäft ginn ënner anerem Liewensmëttel gelagert a vun hei aus un déi zwielef Epiceries sociales vum Roude Kräiz an der Caritas verdeelt. Am Gebai ass awer och den neien "Centre national de Collecte et de Tri". Hei gi Kleederspenden zortéiert an dohin orientéiert, wou se gebraucht ginn. Dann huet och den Informatikservice vun der Associatioun en neien Ënnerdaach fonnt. A schlussendlech ass och de Second Hand Shop vun der Croix Rouge "Vintage Mo(o)d" do ze fannen.

Second Hand Boutique

"Bei de Kleederspende kritt een heiansdo Saachen, déi de Bedierftegen net vill hëllefen, seide Krawatten, laang Räck oder Designerposchen" - erzielt de Luc Scheer. Déi ginn dann am Second Hand Shop zum Verkaf ugebueden. A mam Erléis ginn dann déi Saache kaaft, déi ganz siele gespent ginn, nämlech zum Beispill Ënnerwäsch fir Damen an Hären a Kleeder fir Männer a klenge Gréissten.