Och zu Lëtzebuerg, besonnesch an de Stied, géif et awer méi schwéier ginn, d'Leit doheem z'erreechen. Wa si a Residenze wunnen, géife si dacks d'Dier net opmaachen. D'Quêteure misste sech och heiansdo Kritik gefale loossen - zum Beispill déi, datt d'Rout Kräiz ze vill am Ausland géif maachen.
De Marc Crochet bedauert déi Ausso. Hie géif ëmmer versichen, de Leit z'erklären, firwat d'Croix Rouge am Ausland aktiv wier. "Wann ee Leit hëllefe kann, da gesi mir keng Landesgrenzen". D'Situatioun an Afrika wier schlecht an de Planéit wier um ausdréchnen. Wann d'Leit et bis op Lëtzebuerg gepackt hätten, da misst een hinnen och hei hëllefen.
National an international engagéiert
D'Croix Rouge géif awer och weiderhi versichen, fir de Leit och am Ausland ze hëllefen; net fir d'Leit vu Lëtzebuerg ewech ze halen, mee "well si do bei sech doheem sinn". Dës Approche wier méi "normal" a "vill méi effektiv", sou de Marc Crochet. Am Ausland kéint ee mat engem Euro "dausend mol méi maachen", wéi zu Lëtzebuerg.
De Marc Crochet ass awer mam Constat averstanen, datt d'Leit eventuell éischter bereet wieren en Don ze maachen, wa si wéissten, fir wéi ee Projet hir Sue konkret géife gebraucht ginn.
Leider wéisst een net ëmmer konkret, wat fir eng Katastrophen als nächst op der Welt géife geschéien. Dofir wieren zwee Fongen ageriicht ginn. Ee fir international kënnen ze hëllefen, an ee fir op nationalem Plang ze hëllefen. Iwwer deen internationale Fong hätt d'Croix Rouge d'lescht Joer eng Millioun an Afrika engagéiert. Eng hallef Millioun Euro wiere benotzt ginn, fir Eenzelhëllefen auszeschëdden u Leit, déi zu Lëtzebuerg duerch all Raster duerchgefall sinn.
2017 waren 950.000 Euro am Laf vum Mois du Don zesummekomm. Dat ware ronn 140.000 Euro méi wéi bei der Quête zéng Joer virdrun.