Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ HéLéLa - déi nei Kanneremissioun

Rentrée um radio 100,7

HéLéLa - déi nei Kanneremissioun

Samschdes offréiert de radio 100,7 eng Emissioun, déi sech speziell u Kanner bis 12 Joer riicht. Flott Musek, Experimenter an Erklärungen zur Aktualitéit stinn um Programm, erkläert de Jean Claude Majerus.

auto_stories

2 min

Wat stécht hanner dem Numm HéLéLa?

Den Numm vun eiser neier Kanneremissioun setzt sech aus "Héieren-Léieren-Lauschteren" zesummen. Dat erkläert och, datt d'Emissioun fir d'Rentrée lancéiert gouf. Am Confinement hat de radio 100,7 schonn eng Kannersendung mam Titel "Klassesall" ugebueden. Mir hu séier gemierkt, datt eis Partner fir dës Sendung mat ganz vill Engagement derbäi waren.

Mir kruten och ganz vill positive Feedback vu Kanner an Elteren zu der Sendung. Eis selwer huet d'Sendung och ganz vill Spaass gemaach, an do louch et fir eis op der Hand, fir d'Rentrée eng nei Kannersendung ze offréieren.

U wie riicht sech dës nei Emissioun um fréie Samschdeg Nomëtteg?

"HéLéLa" adresséiert sech u Kanner bis ongeféier 12 Joer. Mir offréieren hinnen Theemen aus ville verschiddenen Beräicher: aus der Kultur, der Aktualitéit, den Naturwëssenschaften, wou een eppes Neies héiert an derbäi och eppes léiert, an dat Ganzt verbonne mat flotter Musek fir ze lauschteren.

Op en Neits schaffen mir nees mat SCRIPT a verschiddene Muséeën zesummen. Och de Mister Science mat senge Experimenter huet nees seng fest Plaz. Eis Noriichteredaktioun beäntwert eng Fro aus der Aktualitéit op eng Aart a Weis, déi d'Kanner och verstinn.

Wat krut een an der éischter Emissioun leschte Samschdeg um 3 Auer gebueden?

An der éischter Emissioun hate mir direkt de Mister Science mat engem spektakulären Experiment an zwar mat engem Eemer mat Waasser, wou Waasser awer net erausleeft, wann den Eemer op der Kopp ass.

Am Rendez-vous mat der Noriichteredaktioun goung et ëm méiglech Liewen um Planéit Venus. A mir hunn an d'Weltkulturierwe Völklinger Hütte gekuckt, wou de Sonndeg de Weltkannerdag gefeiert gouf.