Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Charlotte Day Wilson - Canopy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héichwaasser: 30 Milliounen Euro Direkthëllef

Héichwaasser 1. Juni 2018

Héichwaasser: 30 Milliounen Euro Direkthëllef

Wéinst dem ville Reen an der Nuecht vun Donneschdeg op Freideg, virun allem am Mëllerdall, ass d'Krisen-Zell vum Haut Commissariat à la protection nationale aktivéiert ginn. Den Héiche Kommissariat soll all d'Mesuren openeen ofstëmmen. De Premier Xavier Bettel an den Innenminister Dan Kersch waren op deene Plazen, déi am schlëmmste betraff waren. Et wier elo nach schwéier e Bilan ze zéien, sot den Dan Kersch Moies am Mëllerdall. Hien huet den Hëllefdéngschter fir hire séieren Asaz gelueft.

auto_stories

6 min

D'Cellule de Crise hätt genau sou fonctionnéiert, wéi dat virgesi gewiescht wier, sou den Inneminister. Dofir hätt ee séier déi néideg Hëllefmëttel kënne bereeet stellen. Hien huet ugekënnegt, datt Mëttes och Truppe vun der Arméi géifen hëllefen, fir opzeraumen. Et wier och vu laangfristege Schied auszegoen, verschidde Stroosse misste wahrscheinlech méi laang zou bleiwen. Zil wier et, fir d'Waasserversuergung sou séier wéi méiglech nees garantéieren ze kënnen. Do wou dat net direkt geléngt, wäert d'Arméi Waasser zur Verfügung stellen, respektiv Drénkwaasser zur Verfügung stellen, sou nach den Dan Kersch.

Am fréien Nomëtte hunn den Inneminister Dan Kersch an de Premier Xavier Bettel d'Press iwwert de leschte Stand informéiert.

"Laangfristeg Schied"

Et si laangfristeg Schied hei an der Géigend ze erwaarden. D'Strooss tëschent Bäerdref an dem Grondhaf ass gerutscht, et ass onkloer, wéini déi Verbindung erëm besteet, wéi de Bäerdrefer Buergermeeschter Joé Nilleserkläert huet. Um Grondhaf, sinn enorm Masse vu Waasser erofkomm. Eng Rei Autoen, déi bei enger Garage stoungen, si fortgeschwëmmt ginn an iwwert eng Bach bis an d'Sauer geschwommen, ënnert anerem och e Pompjeesauto vu Bäerdref.

Bei ganz ville Leit steet och Waasser am Keller an d'Pompjeeë sinn am Asaz fir et erauszepompelen. D'Fanny Kinsch war haut am Mëllerdall an huet mat Leit geschwat, déi staark Schied duerch de staarke Reen erlieft hunn. Bei der Drénkwaasserversuergung ginn et och Problemer - et misst nach iwwerpréift ginn op d'Pompelstatioun am Mëllerdall net ze staark verschmotzt ass sot de Bäerdrefer Buergermeeschter. D'Leit sollen dowéinst esou wéineg wéi méiglech Waasser benotzen fir de Moment. D'Waasser soll och d'éischt ofgekacht ginn iert et konsoméiert gëtt.


Reaktiounen aus dem Mëllerdall vum Fanny Kinsch (Owespanorama 18 Auer):

Lauschterenplay_arrow


Informatiounen an Aschätzunge vun der Plaz vum Fanny Kinsch, de Freideg um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow


Erklärunge vum Marc Krier vu Meteolux:

Lauschterenplay_arrow


Waasserqualitéit net iwwerall garantéiert

D'Qualitéit vum Drénkwaasser huet plazeweis wéinst dem Reen gelidden. Den Haut-Commissariat à la protection nationale huet fir déi betraffen Uertschafte Recommandatiounen erausginn.

Den Ament géifen Analyse gemaach ginn, fir ze kucken op d'Waasser proper ass, esou den Inneminister Dan Kersch.

An de Gemenge Waldbëlleg a Bech kann d'Waasser ouni Restriktioun consomméiert ginn, et muss d'Waasser allerdéngs wéinstens zéng Minutte gekacht ginn. Zu Bäerdref an zu Beefort soll d'Waasser ofgekacht ginn, hei soll d'Konsommatioun awer och op ee strikte Minimum reduzéiert ginn. Déi selwecht Viirsiichtsmoossnam gëllt fir Dillingen a Closbierg - hei hunn eenzel Heiser iwwer eng länger Zäit kee Waasseruschloss, esou den Inneminister.


Erklärunge iwwer d'Waasserqualitéit vum Dan Kersch:

Lauschterenplay_arrow


Soubal d'Qualitéit vum Waasser duerch Analysë nees confirméiert ass, géifen déi zoustänneg Autoritéiten dat matdeelen. Déi géifen an Tëschenzäit dann och Waasser ausdeelen.

Soubal d'Qualitéit vum Waasser duerch Analyse nees confirméiert ass, géifen déi zoustänneg Autoritéiten dat matdeelen. A wéi de Minister virdru sot hëlleft d'Arméi och d'Drénkwaasser ze versuergen.

Eng ähnlech schlëmm Situatioun wier et zanter 1958 net méi ginn, seet e fréiere Bäerdrefer Buergermeeschter. D'Leit déi an der Géigend wunnen hu gesot, datt si nach ni esou eppes erlieft hunn. Virun allem wier et immens séier gaangen. D'Leit déi am Dall wunnen, wieren an der Nuecht wakreg ginn an haten e Meter Waasser am Haus stoen. D'Waasser ass dunn de Moien erofgaangen an zënterdeems schëppen d'Leit Bulli.

Regierung stellt 30 Milliounen Euro Direkthëllef zur Verfügung

Nom Schued deen duerch de ville Reen hënt virun allem am Mëllerdall veruersacht gouf huet d'Regierung decidéiert 30 Milliounen Euro zur Verfügung ze stellen - dat sot de Premierminister Xavier Bettel de Mëtteg virun der Press. Déi concernéiert Persounen déi finanziell méi schwaach opgestallt sinn, kënnen eng finanziell Hëllef iwwer de Familjeministère ufroen.


Erklärungen iwwer finanziell Hëllefe vum Xavier Bettel:

Lauschterenplay_arrow


Wanderweeër gi sou séier wéi méiglech restauréiert

De Mëllerdall ass beléift bei Touristen, ënnert anerem wéinst de Wanderweer, déi deelweis zerstéiert goufen. Den Aarbechtsministère dem CIGL zu Berdorf 15 bis 20 zousätzlech Persounen zur Verfügung, déi den Ament keng Aarbecht hunn, fir d'Wanderweer a Foussbrécken esou séier wéi méiglech ze restauréieren.


Erklärungen vum Xavier Bettel iwwer den Tourimus am Mëllerdall no dem staarke Reen:

Lauschterenplay_arrow


D'Paie vu Salariéen, déi wéinst de Schied an der nächster Zäit net kenne bei hire Betriber schaffen, kënnen iwwert de Chômage involontaire dû aux intempéries iwwerholl ginn.

Weider Iwwerschwemmunge méiglech

D'Konsequenze vum Ree sinn awer nach net all iwwerwonnen, seet den Inneminister Dan Kersch. Wéinst enger Fuite am Stausei vu Bitberg géif an den nächste Stonnen iwwert d'Our vill Waasser an d'Ënnersauer fléissen an et géif zu Iwwerschwëmmunge kommen.

Point Presse

De Mëtteg sinn eng 40 Leit vun der Arméi an der Géigend ukomm, fir d'Pompjeen z'entlaaschten, déi zanter de Moie frei am Asaz waren, a bei de Botz- a Raumaarbechten ze hëllefen.

Pafendall och deelweis betraff

Och an der Stad gouf et plazeweis Problemer wéinst dem ville Reen, dat besonnesch am Quartier Pafendall laanscht der Uelzecht, wou Kelleren a Garagen vu sechs Haiser iwwerschwemmt goufen. Et wieren déiselwecht sechs Haiser, déi scho virun zwou Wochen ee Problem mam Waasser haten, sot eis d'Stater Schäffen Simone Beissel. Deemols hätt ee Stéck Holz de Kanal verstoppt, dës Kéier wier de staarke Reen Schold gewiescht. D'Gemeng kläert elo, wéi déi Zon besser ka geschützt ginn. Et wéilt een och "alles maachen" fir iwwer d'Assurancen deene Leit entgéintzekommen, déi Materialschued hunn, sou d'Simone Beissel.