Radioen

On air

Notturno  |  Ahmed Fakroun - Snini

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich Zënsen hunn nach keen Impakt op d'Logementspräisser

Wunnengsmaart

Héich Zënsen hunn nach keen Impakt op d'Logementspräisser

D'Logementspräisser klamme weider. Dorun huet sech och am zweete Véierel vun dësem Joer näischt geännert. Wie sech tëscht Ufank Abrëll an Enn Juni en Haus oder eng Wunneng hei am Land kaaft huet, deen huet am Schnëtt 11,5 Prozent méi dofir misse bezuelen, wéi ee Joer virdrun. Dat geet aus den neiste Statistiken ervir, déi de Statec de Mëttwoch publizéiert huet. An der zweeter Hallschent vum Joer kéint d'Dynamik um Logementsmarché awer änneren, well et méi deier gëtt fir Sue bei enger Bank ze léine fir en Haus oder Appartement ze kafen.

auto_stories

2 min

De Julien Licheron schafft beim LISER op Logementstheemen.

Et gëtt domat gerechent, d'EZB an den nächste Méint nach weider Zënshaussen decidéiert, woduerch och d'Zënsen op Immobiliëprête weider géifen an d'Luucht goen.

Doduerch kënne manner Leit sech leeschten en Haus ze kafen. A wann d'Demande erof geet, da kann een dovun ausgoen, datt och d'Präisser net méi, oder manner séier klammen.

Am Moment mécht den Effekt sech awer nach net an de Statistike bemierkbar. An dat huet och e Grond, wéi de de Logementsspezialist Julien Licheron erkläert.

D'Hausse vun de Präisser baséiert op den Immobilientransaktiounen aus dem zweeten Trimester, also virun Abrëll 2022. D'Zënsen op Immobiliëprête sinn eréischt dono an d'Luucht gaangen.

Nach ze fréi fir en Effekt op d'Präisser ze gesinn

D'Hausse vun den Zënsen op Immobiliëprêten hätt warscheinlech eréischt Enn des Jores en Impakt op d'Verkafspraisser, seet de LISER-Fuerscher.

Éischt Indicateure fir dat wat een sech kann erwaarden, fënnt een awer och schonn an de Statistiken, déi de Statec gëschter publizéiert huet. Zum Beispill, wieren an de leschte Méint insgesamt manner Wunnenge verkaaft ginn, wéi d'Joer virdrun. De Fuerscher mécht dat doru fest, datt et fir Menagë méi schwéier ginn ass fir e Prêt ze kréien.

De Logementsmarché killt of

D'Wunnengen, déi verkaaf goufen, wieren zwar zu méi héije Präisser verkaaft ginn, wéi d'Joer virdrun. Mee des Präishausse wieren net méi grad esou opfälleg wéi nach virun e puer Méint mengt de Julien Licheron.

"En 2020 on avait une augementation des prix de pres de 15 pourcent sur un an, mais dans un contexte d'inflation inférieur à 2 pourcent. Aujourd'hui on a toujours une hausse assez forte des prix des logements avec 11,5 pourcent, mais dans un contexte d'inflation de 7 pourcent. Donc on a quand même une déceleration, si on regarde le prix réel des logements par rapport à l'inflation."

Dës Dynamik kéint - wa se viru geet - iergendwann esou guer dozou féieren, datt d'Logementspräisser erof ginn, mengt de LISER-Fuerscher. Op et esou wäit kennt, wäerten d'Statistiken eis awer eréischt an e puer Méint verroden.