Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich Temperature féieren zu Problemer am Bausecteur

Grouss Hëtzt

Héich Temperature féieren zu Problemer am Bausecteur

Déi grouss Hëtzt féiert och zu Problemer am Bausecteur: et gëtt sech bis zu zéng Prozent manner Rendement erwaart. Fir sech op d'Hëtzt virzebereeden, hunn eng Partie Entreprisen zesumme mat de Personaldelegatiounen een Aktiounsplang ausgeschafft.

auto_stories

2 min

Och am Bausecteur suergt d'Hëtzt fir Problemer. Foto: Bigstock / Pramote

Serge Kesselerplay_arrow


D'Entreprisen hunn en Aktiounsplang ausgeschafft, dee virgesäit, datt déi Beschäftegt scho moies um sechs Auer ufänke mat schaffen, fir déi massiv Hëtzt ze evitéieren. Donieft ginn et och nach aner Punkten am Plang: et misst genuch Waasser fir d'Aarbechter disponibel sinn, an hinne gëtt och recommandéiert, sou vill wéi méiglech am Schied ze schaffen.

Doriwwer eraus si Mesurë fir déi Beschäftegt virgesinn, déi wéinst der Hëtzt gesondheetlech Problemer kréien. Wann enger Persoun schlecht oder schwindeleg gëtt, da misst se direkt ophale mat schaffen an et dem Ekippechef mellen. Esou kéint ee kucke fir den Aarbechter esou gutt wéi méiglech ze protegéieren, esou de Pol Faber.

Hëtzt ee vu villen aktuelle Problemer am Bausecteur

Verschidden Aktivitéite wäerten dëser Deeg wéinst den héijen Temperaturen op de Chantieren och net gemaach kënne ginn. Dëst ass zum Beispill de Fall fir Bëtongssaarbechten, well de Bëtong ze séier dréche gëtt a Rëss kritt, wann et esou waarm ass, erkläert de Pol Faber, Generalsekretär vum "Groupement des Entrepreneurs du Bâtiment et des Travaux publics".

Bei grousser Hëtzt kënnen d'Bau-Entreprisen och op de Chômage intempéries zeréckgräifen: d'Entreprise kéint sech dann dozou entscheeden d'Aarbechter heem ze schécken. Ee gewëssen Deel vun de Sue kéint da vum Staat zeréckgefuerdert ginn, seet de Pol Faber.

Nieft de verschiddene Krisen - Corona a Krich an der Ukrain - géif och déi grouss Hëtzt sech finanziell negativ op d'Entreprisen aus dem Bausecteur néier schloen: eleng wéinst den héijen Temperature géifen zéng Prozent manner Rendement op de Chantiere gemaach ginn, domat rechent de Pol Faber.