Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Capricorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Héich Präisser bei Düngemëttel: EU-Parlament freet weider Mesuren

EU-AGRARPOLITIK

Héich Präisser bei Düngemëttel: EU-Parlament freet weider Mesuren

Datt d'Liewensmëttel bei eis an der Lescht ëmmer méi deier gi sinn, huet och mat den héije Präisser fir Düngemëttel ze dinn. D'Europaparlament mécht dës Woch een Appell un d'Europäesch Kommissioun, d'Baueren hei méi staark ze ënnerstëtzen. Bréissel huet eng Partie Mesurë proposéiert. Déi ginn deenen Engen net wäit genuch, deenen Anere gi se an déi falsch Richtung.

auto_stories

3 min

Eleng de Präis fir Stéckstoff-Dünger ass am leschte Joer em bal 150 Prozent geklomm. Déi Hausse schléit sech op d'Präisser vun de Liewensmëttel nidder. De Bauer awer, sou den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen, huet näischt dovun.

"Vun deem Méi-Präis kënnt näischt beim Bauer un an d'Leit sinn dann nach weider tentéiert op Bëlleg-Produiten ëmzeklammen."

Douane-Taxe weider aussetzen

D'EU misst déi eege Produktioun vun Düngemëttel ausbauen, sou de Christophe Hansen. D'Mesuren, déi d'Europäesch Kommissioun am Hierscht proposéiert huet, ginn him a villen Aneren net wäit genuch. Sou och dem President vun der Agrarkommissioun, den Norbert Lies.

"Warum haben wir Anti-Dumping Zölle, wenn die Preise in der EU noch teilweise sehr hoch sind?"

A senger Resolutioun fuerdert d'Parlament, datt déi Taxen, déi zanter zejoert deels temporär ausgesat goufen, weider suspendéiert solle ginn.

An der EU sollt een - genee ewéi beim Gas - déi eegen Düngemëttel-Späicheren opfëllen, seet de Charel Goerens, selwer Bauer an Europadeputéierten vun der DP.

"Wann een de Bauere wëll Planungssécherheet ginn, da muss een d'Kapazitéit fir ze stockéieren erhéijen. Domat kann een d'Präisvolatilitéit offiederen."

Am eegene Bauere-Betrib krut de Charel Goerens déi Volatilitéit wéi vill anerer ze spieren

"Ech hunn zu engem Moment kaf, wou ech de Choix hat, ee ganz héije Präis ze bezuelen oder ze riskéieren, dono kee méi ze kréien. D'Resultat ass, datt ech elo 25 Prozent ze deier bezuelt hunn, par rapport zum Präis deen elo gerechent gëtt."

Laangfristeg Mesure géint Präis-Volatilitéit

Effektiv ass de Präis den Ament erofgaangen. Eppes wourop an der Debatt zu Stroossbuerg déi Gréng higewisen hunn. Fir si ginn an der Diskussioun d'Ëmwelt- a Klimaproblemer, déi mam Asaz vu chemeschen Dünger kommen, ze mann betount.

Fir d'Tilly Metz geet d'Diskussioun an déi falsch Richtung. Et misst een dru schaffen, datt Bauere manner ofhängeg vun Düngemëttel ginn, sou déi gréng Europadeputéiert.

"D'Äntwert wier éischter, komm mir gräifen op déi Mëttel zeréck, déi et an der biologescher Landwirtschaft ginn, aplaz elo ze kucken, wéi ee chemesch Düngemëttel méi bëlleg maache kann."

Deem géintiwwer steet d'Fuerderung vum konservative Bord, datt d'EU d'Baueren dëst Joer finanziell méi staark ënnerstëtze soll, fir déi héich Käschte fir Konscht-Dünger ze kompenséieren. D'Europäesch Kommissioun ass am gaangen ze préiwen, ob a wéi dat méiglech wier.