Deier Hotellen, Wäifläsche vu bis zu 300 Euro, dat ganzt op Staatskäschten. An en plus d'Partnerin déi mat op offiziell Reese geet, Beruffleches a Privates gi matenee vermëscht. Sou d'Virwërf am Artikel vu Reporter.lu.
Vun Illegalitéite geet net Rieds, mee vu Grozonen. Dat eng Partnerin mat op offiziell Rees geet ass zum Beispill kee Problem, wann déi hier Fraise selwer dréit. Mee et ginn och Virdeeler a Privileegien, wann ee bannent enger offizieller Delegatioun geschäftlech Kontakter wëll knäppen. Prinzipiell hunn déi eenzel Ministeren Enveloppen zegutt fir esou Reesen op deenen zum Beispill Gäscht invitéiert ginn.
Héich Fraisen - Een ethesche Problem?
Dee Vertrauensvirschoss fir de Minister wier an der Déngschtrees-Praxis och an der Rei. De Minister bräicht eng gewësse Fräiheet an déi Reegele sollten och net méi strikt gehandhaabt ginn, mengt de Fernand Kartheiser vun der ADR op Nofro hin.
"Wann dat esou da stëmmt wéi et do dra steet ass et net acceptabel, aus enger Rei vu Grënn. Éischtens verstéisst et géint ethesch Grondsätz. Ech mengen, ob dat elo am code de déontologie vun der Regierung steet oder net, mee all Beamten an iwwerhaapt all Mënsch weess, dat een esou Saachen net mécht."
D'Nathalie Oberweis vun déi Lenk gesäit an dëser Fro virun allem en ethesche Problem fir de Kooperatiounsminister.
"Et schéngt kloer dat verschidden Ausgaben dovunner absolut deplacéiert sinn. Virun allem als Kooperatiounsminister ass et eng Fro vun der décence, wéi ee sech esou Reese gestallt a wéi een sech op esou Reese behëlt. An an dem Kontext géif ech mengen, datt dat schonn zum Deel ganz deplacéiert ass. An en aneren Aspekt wier och, datt et e Mangel u Respekt un den ëffentleche Gelder ass."
CSV a Piratepartei wollten d'Virwërf op Nofro hin op mannst zu dësem Zäitpunkt net kommentéieren.
Wat déi gängeg Praxis ugeet mussen d'Ministeren hir Depensen de jeeweilege Finanzservicer bannent dem Ministère mat Quittunge beleeën. Déi zoustänneg Servicer kucken dann, ob d'Depensen de Reegelen entspriechen, awer net ob se opportun sinn.