Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hei ginn Äppel mat Bire verglach"

Betribsbesteierung

"Hei ginn Äppel mat Bire verglach"

Déi nei Etüd iwwer d'Steieren an der EU ass Schrott. Där Meenung ass den UEL-Direkter Jean Paul Olinger. Déi gréng Fraktioun hat am Europaparlament eng Etüd public gemaach, déi beweise soll, datt grouss Konzerner an der EU bal néierens de reale Steiertaux bezuelen.

auto_stories

3 min

De Jean-Paul Olinger (UEL) an de Romain Schmit (Handwierkerfederatioun). Fotoen: Archiv.

Den offizielle Steiersaz zu Lëtzebuerg hätt an der Zäit tëschent 2011 an 2015 bei 29 Prozent geleeën. D'Konzerner hätten awer nëmmen 2 Prozent bezuelt. Dem Jean Paul Olinger no géifen hei Äppel mat Biere verglach ginn.

Methodologesch net propper geschafft

Et géif hei e Problem vun der Methodologie a vun den Donnéeë ginn, wat zu Verzerrunge géif féieren. An der Etüd wiere en Tableau mat engem Feeler, deen drop géif hiweisen, "mat wéi enger Vitess dat do gemaach ginn ass", seet de Jean-Paul Olinger.

Effektiv huet den Auteur vun der Etüd eegenen Aussoen no just déi bescht méiglech Zuele benotzt. Den Direkter vun der Unioun vun den Entreprisë kritiséiert, datt déi Gréng hei Europawahlkampf géife maachen.

"Dat do ass eng Polariséierung vu Sujeten, déi vill méi komplex sinn, an déi féiere just dozou, datt Leit der Meenung sinn, datt se ongerecht behandelt ginn. Si kréien eng Politikverdrossenheet déi weider wäert goen an dat spillt sécherlech éischter de Parteiränner zou."

Benefice gëtt just eemol besteiert

Et ass allerdéngs eng Realitéit, datt grouss Betriber dacks manner Stéiere bezuele wéi dat offiziell gesot gëtt. De Jean-Paul Olinger gëtt zou, datt dat deelweis technesch eng Realitéit wier, well de Benefice vun engem Betrib just eemol besteiert géif ginn. "Bei Multinationalen Entreprisen, déi iwwer vill Länner ginn, déi kréien och Revenuen aus anere Länner, déi da weider gi bis an d'Mammenhaus".

Ganz Lëtzebuerg hätt bis ewell ëmmer dovu profitéiert, erkläert de Romain Schmit vun der Handwierkerfederatioun, och déi kleng a Mëttelgrouss Entreprisen:

"Ech hunn och an all deene Joren nach ni een héieren, vu kenger Gewerkschaft, soen, datt si déi Suen net wéilten oder datt si se wéilten zeréck ginn. Natierlech ass et sou, datt wann et dem Staat gutt geet wéinst deene Steierrecetten an de Staat vill investéiert, da kënnt och beim Handwierk deementspriechend vill un. D'Ekonomie ass ee Ganzt."

Wat den Debat ronderëm eng EU-wäit Steierharmoniséierung ugeet, sou wier dat just méiglech wann och d'Sozialpolitik géif harmoniséiert ginn, esou nach déi zwee Wirtschaftsvertrieder.


D'Maxi Pesch am Panorama, den 22. Januar um 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow


Hiweis: An enger éischter Versioun vun dësem Artikel hu mir de Jean-Paul Olinger fälschlecherweis als Generalsekretär vun der UEL bezeechent. Hien ass Direkter. Mir entschëllegen eis fir dee Feeler.