De Sträit ass tëscht dem Europaparlament an de Regierunge vun de Memberlänner vun der Europäescher Unioun. D'Parlament hätt gären, datt d'Rumänin Laura Kövesi deen Top-Job kritt, d'Memberlänner wëllen dem Fransous Jean-Francois Bohnert de Poste ginn. Béid Säiten halen zanter Wochen un hirer Positioun fest.
Den Debat ass och dowéinst esou hefteg, well sech déi rumänesch Regierung selwer am meeschte géint d'Kandidatur vun hirer Compatriotin wiert. D'Laura Kövesi war a Rumänien Cheffin vun der Anti-Korruptiouns-Agence. Géint si leeft den Ament eng zweiwelhaft Enquête, an där si selwer der Korruptioun beschëllegt gëtt. Firwat sinn d'Memberlänner géint hir Kandidatur?
Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.