Et wéilt een hei just d'Spëtzt vum Äisbierg verstoppen a maachen, wéi wann do drënner näischt weider wier. Dofir misst een de Problem vill méi un der Wuerzel upaken. Wéi och bei der Prostitutioun an den Drogen, wier dat d'Aarmut.
D'Alexandra Oxacelay, Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss, ass iwwerzeegt, datt, andeems déi betraffe Persoune verjot ginn, de Problem bestoe bleift an net laangfristeg geléist gëtt. Si géifen nëmmen an aner Quartiere goen an och erëm zeréck kommen.
Mesure muss approuvéiert ginn
Fir d'Alexandra Oxacelay stellen sech och nach vill Froen iwwer déi konkret Ëmsetzung vun deem neie Reglement a wéini et a Kraaft trëtt. Op Nofro hin huet de Stater Schäffe Serge Wilmes erkläert, datt déi nei Mesure nach vun der Inneministesch muss approuvéiert ginn. Dofir huet si dräi Méint Zäit.
Sollt no dräi Méint keng Äntwert do sinn, gëllt de Gesetzestext automatesch als ugeholl. Wann den Accord bis do ass muss d'Reglement wärend dräi Deeg ausgehaange ginn, ier et dann a Kraaft trëtt. Vun do un wier et dann un der Police, méi Kontrollen duerchzeféieren.
Net einfach laanscht goen
D'Alexandra Oxacelay vun der Stëmm vun der Strooss bleift dobäi, datt ee mat dëser Mesure de Problem nëmmen ignoréiere géif. Si géif net verstoen, datt et Leit ginn, déi et stéiert, sans-abris'en op de Stroossen ze gesinn.
"Et kann een dach net einfach laanscht ee goen a soen dat do ass net normal an dat stéiert mech an da maachen ech d'An zou an ech hätt léiwer d'Stroosse wäre propper an ech hätt léiwer et wär alles schéin. Mir sinn awer net an enger Welt wou alles schéin ass."
Dem Alexandra Oxacelay no misst deemno méi op den Aarmutsproblem opmierksam gemaach ginn.