Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Heescheverbuet: D'Stad Lëtzebuerg mécht Recours

NO DER Decisioun vum Inneministère

Heescheverbuet: D'Stad Lëtzebuerg mécht Recours

D'Stad Lëtzebuerg mécht Recours géint d'Decisioun vun der LSAP Inneministesch fir dat geplangten Heescheverbuet net gëllen ze loossen. Dat huet d'Lydie Polfer annoncéiert, nodeems den Inneministère seng Decisioun virdru matgedeelt hat. D'Stater Buergermeeschtesch schwätzt virum Walkampf vun enger politescher Decisioun.

auto_stories

3 min

Den Debat ëm d'Heeschverbuet an der Stad geet an déi nächste Ronn. (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


D'Taina Bofferding sot, datt si den Artikel 42, sou wéi en am neie Stater Policereglement virgesinn ass, net approuvéiert, well e géint dat nationaalt an internationaalt Recht géif verstoussen.

Lydie Polfer: Responsabel "fir d'Sécherheet ze garantéieren"

Den Artikel 42 gesäit de Verbuet vun der Heescherei op verschidde Plazen zur verschidden Auerzäite vir. Anescht wéi déi juristesch Analysen aus dem Inneministère géifen d'Juriste vun der Stad Lëtzebuerg hei kee Verstouss géint dat nationaalt Recht gesinn, esou d'Lydie Polfer.

D'DP Buergermeeschtesch gëtt weider ze bedenken, datt dat aggressiivt Heesche scho per Gesetz verbuede wier, an datt déi Reegelen och géifen duergoen, mee se géingen net strikt genuch agehale ginn.

"Mir, als Gemeng, hunn d'Responsabilitéit fir d'Sécherheet ze garantéieren. An da gesitt Dir de Problem, an Dir sot deenen, déi misste kënnen eppes dogéint ënnerhuelen, et. Ma et geschitt awer näischt. Do bréngt Dir op ee Mol Extremer op den Tapis. An dat wëlle mir net."

Verwonnerung bei der Buergermeeschtesch

D'Stater Buergermeeschtesch wéisst sech dann och e puer Mol iwwerrascht. Éischtens, datt et méiglech war, datt den Inneministère bannent nëmme siwe Wochen eng juristesch Analyse fäerdeg bruecht hätt. Zweetens, datt de Ministère elo réischt seng Bedenke géif ausdrécken, an net scho virun e puer Joer, wéi dräi aner Gemengen een änlecht Reglement an d'Liewe geruff haten.

"Mir sinn erstaunt, well déi do Ängschten net do waren, wéi Dikrech, Ettelbréck an Diddeleng ganz änlech Dispositiounen an hiert d'Policereglement erageholl hunn. Et kann ee soen, datt deen hei Punkt zum Optakt vun der Walcampagne ee Sujet ass, deen interesséiert."

Donieft géif am Arrêt vum europäesche Geriichtshaff och stoen, datt déi invasiv Heescherei kéint encadréiert ginn. D'Inneministesch hat argumentéiert, datt dat vun der Stad Lëtzebuerg geplangten Heescheverbuet och géint dat internationaalt Recht géif verstoussen.

Oppositiounsparteie si pro Inneministère

D'Oppositiounsparteien am Stater Gemengerot weise sech iwwerdeems zefridde mat der Decisioun vun der Inneministesch. Well et kloer war, datt esou ee Reglement net duerchgesat kéint ginn, bezeechent de Guy Foetz vun déi Lénk d'Heescheverbuet als "Populismus".

Dat fannen och d'Stater Sozialisten. D'DP géif all Kéier virun de Gemengewalen d'Theema vun der Sécherheet an der Stad opgräifen a wéilt nëmme behaapte kënnen, alles versicht ze hunn, fir d'Sécherheet ze verbesseren. Fir de François Benoy vun déi gréng war d'Entscheedung vun der Inneministesch keng gréisser Iwweraschung. Den Heescheverbuet wier nëmme Symbolpolitik gewiescht. Déi gréng hätte sech schonn ëmmer géint een allgement Heescheverbuet ausgesprach, well et net konform zur Mënscherechtskonventioun wier, sou nach de François Benoy.