Méindes bis Sonndes jeeweils vu 7 bis 22 Auer soll d'Heeschen op ville Plazen an der Uewerstad, op der Gare an zu Bouneweg verbuede ginn. Dat wier néideg, well d'Police just esou eng Handhab kéint organiséiert Heescherbanden hätt, seet de Serge Wilmes vun der CSV. Chiffréiere kann den éischte Stater Schäffen de Problem awer net.
"Mir hu lo keng Zuelen, well mir dat natierlech net als Stad Lëtzebuerg dat elo ziele ginn. Well mir dat och net als eis Aufgab gesinn. Mir hunn awer eng Aberzuel vu Leit, déi eis selwer drop uschwätzen, schreiwen, E-Maile maachen, Temoignagë vun einfache Leit, déi an d'Stad kommen, oder vu Geschäftsleit."
Ordre Public gestéiert?
Den LSAP-Gemengeconseiller Tom Krieps weist drop hin, datt et an de leschte Joren vun der Justiz eng Condamnatioun wéinst organiséiertem Heesche gouf:
"Et muss een awer effektiv soen, datt d'Police natierlech net enorm un esou enger Affär interesséiert ass, selbsverständlech wéinst der Beweislaascht. mee virun allem och: Wat ass den Trouble à l'ordre public?"
Approbatioun vum Inneministère
Den Tom Krieps kritiséiert, datt de Verbuet vum einfachen Heesche weder an der Praxis kéint duerchgezu ginn, nach wier déi Mesure legal. Den Oppositiouns-Conseiller huet u seng Parteikollegin, d'LSAP-Inneministerin Taina Bofferding appeléiert, fir déi entspriechend Dispositioun am neie Police-Reglement nom Vote haut am Gemengerot net ze approuvéieren:
"De Problem ass, datt d'Verfassung am Artikel 136 seet, datt perséinlech Fräiheeten nëmme kënnen duerch ee Gesetz ageschränkt ginn. An net duerch ee Reglement."
Den CSV-Schäffe Serge Wilmes sot séngersäits, datt hien mat der Zoustëmmung vum Inneministère rechent.
Sécherheet am Wahlkampf
D'Sécherheetsthema gehéiert an der Stad traditionell zum Gemengewahlkampf. D'Problematik vum Heesche wier awer scho méi laang an der Diskussioun, seet de Serge Wilmes. Den DP-CSV-Schäfferot géif hei kee Wahlkampf maachen. Zil wier et der Police méi Moyene ze ginn. Hei géif et net drëms goen, Mënschen aus dem Stadbild ewech ze huelen, mee géint ee Verhale firzegoen, dat d'Zesummeliewen an der Stad stéiert.
Den Tom Krieps huet sengersäits Zweifel, datt ee mat engem Heesch-Verbuet méi Zoustëmmung kritt. Wann de Choix wier fir Stëmmen ze fänken oder "säin déifsten Humanismus ze verroden", da wéisst hien decidéiert.
Zur Fro, ob DP an CSV mat hirer Initiativ eng Koalitiounsausso fir no de Wahle maachen, sot de Serge Wilmes, et wier alles nach "absolut" oppen:
"Mir si gewielt bis den 11. Juni a bis dohinner maache mir Politik. A mir maache souwuel eng ganz generéis Sozialpolitik an op der anerer Säit hu mir e Recht jiddereen a Fräiheet a Séchereet ronderëm ze goen."
De Stater Gemengerot stëmmt de Mëtteg iwwer dat neit Reglement of.