Déi gréng Ëmweltministerin géif de Mëtteg eng Pressekonferenz aberuffen, krute mir am Ministère gesot. D'Ëmweltministerin hat hirem grénge Parteikolleg am August eng nodréiglech Autorisatioun gi fir Aarbechten un engem Gaardenhaischen an der Zone verte, Aarbechten, déi deen Ament schonn am Gaange waren. D'Gaardenhaische läit awer an der Réserve naturelle Prënzebierg, wou laut Reglement Grand-Ducal keng Constructiounen erlaabt sinn.
Et muss endlech Kloerheet am " Dossier Gaardenhaischen " geschafe ginn an d'Ministesch muss all Fakten op den Dësch leeën. Dofir muss d'Madame Dieschbourg d'URGENCE den Deputéierte Ried an Äntwert an enger Chamberkommissioun stoen.https://t.co/FYSrKRxtXw
- CSV (@CSV_news) September 30, 2019
D'CSV wëllt d'Ministerin d'urgence an eng Chamberkommissioun convoquéiere fir Erklärungen ze ginn. Déi chrëschtlech-sozial Vollekspartei huet och zwou urgent Question parlementaires gestallt:
- Wéini wousst den Inneministère iwwer Faite Bescheed a wat gouf un de Parquet denoncéiert ?
- Zanter wéini wousst den Aarbechtsminister Bescheed iwwer d'Aarbechten, déi de CIGL gemaach huet a gouf dat beim Parquet denoncéiert ?
Spéitstens bis e Mëttwoch soll d'Carole Dieschbourg bei d'Deputéiert kommen, freet d'CSV. Si mengt, d'Ministesch hätt Feeler gemaach, wéi si d'Aarbechten um Gaardenhaus nodréiglech autoriséiert huet.
Avis juridique vun der CSV
D'CSV huet en Avis juridique erstelle gelooss, d'Synthees dovu läit dem radio 100,7 fir. Do dran heescht et, d'Gaardenhaus géif an der Reserve naturelle Prënzebierg leien, an deem all Constructioune verbuede sinn. Dowéinst hätt keng Autorisatioun dierfen ausgestallt ginn.
Erklärunge vum Michèle Sinner
D'Aarbechten um Gaardenhaus géifen doriwwer eraus och géint d'Naturschutzgesetz verstoussen, well net gewosst ass, wéini et gebaut an autoriséiert gouf - dat hat d'Carole Dieschbourg schonn déi viregt Woch zou ginn. Domat ass de Bau vum Gaardenhaus et net legal an dee Moment kéint d'Ministerin an der Zone verte och keng Renovatiounsaarbechte geneemegen.
Déi gréisst Oppositiounspartei bezweifelt och, datt den Dossier vun der Demande komplett war. En onkompletten Dossier dierf laut Gesetz net traitéiert ginn.
D'Ministesch äntwert haut op Kritik
D'Carole Dieschbourg huet fir de Mëtteg eng Pressekonferenz aberuff fir op déi Virwërf anzegoen, souwéi zu de de Virwërf, déi d'Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land e Freiden opgegraff hat: ëm d'nodréiglech Autorisatioun vun engem Ieselsschapp vun hirer Famill bei Iechternach. Nach e Freide wollt d'Ministerin selwer keng Froe beäntwerten an huet hiren ieweschte Beroder fir geschéckt.
De Roberto Traversini huet virun enger gudder Woch an der Suite vun der Affär demissionéiert, nodeems de Parquet eng Enquête géint hien opgemaach huet. Hien hat selwer zouginn, net all d'Autorisatioune gehat ze hunn an datt en och Gemengeservicer fir sech schaffe gelooss huet.