Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Womack & Womack - Teardrops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemeng Dikrech kritt Onrecht virum Verwaltungsgeriicht

Hausse vun der Grondsteier

Gemeng Dikrech kritt Onrecht virum Verwaltungsgeriicht

D'Gemeng Dikrech krut Onrecht um Verwaltungsgeriicht am Fall vun der Hausse vun der Grondsteier op eidelstoend Terrainen. Dat sot eis den Affekot vun de Kläger, de Jean-Marie Bauler. Den aktuellen Dikrecher Buergermeeschter Claude Thill sot op eis Nofro hin, datt hien d'Urteel nach net analyséiert hätt an dofir och nach net wéilt kommentéieren.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Viru knapp dräi Joer hat den Dikrecher Gemengerot, mat als deemolege Buergermeeschter Claude Haagen, eestëmmeg decidéiert, d'Grondsteier op eidelstoend Terrainen ze verzwanzegfachen. Den Inneministère hat dat validéiert. Doropshin hate 15 Besëtzer 2021 géint d'Gemeng um Verwaltungsgeriicht geklot.

Si kruten elo Recht sot eis hiren Affekot, de Maitre Jean-Marie Bauler. D'Argument wat hiren Affekot an der Affär benotzt hat war ënnert anerem, datt d'Bierger vun der Gemeng Dikrech am Verglach zu de Bierger vun den anere Gemengen diskriminéiert géife ginn.

"Et war Diskriminatioun, herno huet sech och erausgestallt, datt si déi Sue wollten huele fir aner Saachen ze maachen. Well d'Keese sinn zu Dikrech wéinst der Pandemie eidel anscheinend. An den Droit fiscal ass en techneschen Droit, dat geet net. Dir kënnt net als Firma soen: 'Ech maachen deen Apport a kréie Suen eran a finanzéieren dann aner Saachen'."

Den aktuellen Dikrecher Buergermeeschter Claude Thill sot op eis Nofro hin, datt hien d'Urteel nach net analyséiert hätt an dofir och nach net wéilt kommentéieren.

D'Inneministesch Taina Bofferding sot eis, datt Si net wéilt an Appell goen.