Film Julien Becker: "Hätt gären op déi Polemik verzicht"

De Julien Becker, Produzent a Realisateur vum Film "An Zéro", huet de Mëttwoch Moien am 100,7-Interview op d'Kritik vun der Co-Realisatrice un der Schluss-Fassung reagéiert. An där Doku-Fiktioun geet et ëm déi hypothetesch Fro, wat am Fall vun engem Super-GAU an der Atomzentral zu Cattenom aus Lëtzebuerg géif ginn, wa kee Mënsch méi do liewe kéint.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Julien Becker

D'Myriam Tonelotto, déi den Dokumentardeel realiséiert huet, hat beklot, datt alles, wat Lëtzebuerg an e positiivt Liicht geréckelt huet, aus hirer Versioun erausgeschnidde gouf. Dat wier esou net geplangt gewiescht, seet si. Dee Reproche kann de Julien Becker net novollzéien.

Et géif hien traureg maachen, well de Film aus senger Siicht just de Contraire ass. De Film wéilt op eng Problematik hiweisen, déi Lëtzebuerg kéint schueden.

"An ech verstinn net, wéi een dat ka soen, ech hätt zougelooss datt ARTE e Film doraus gemaach hätt, dee géint Lëtzebuerg wär. Si hunn de Montage net gemaach. Dat funktionéiert net esou. De Montage ass bei eis bliwwen."

De Julien Becker seet, hien hätt gär op déi Polemik verzicht, déi elo lassgetrëppelt gi wier.

"An Zéro" gëtt iwweregens den 21. Abrëll op ARTE gewisen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Careless Crime Kompetitioun
Luxfilmfest

Rekonstitutioun? Transpositioun? Oder einfach nëmme Konfusioun? Mat engem Spill mat der Realitéit an der Illusioun stellt den iranesche Film ''Careless crime" de Spectateur op d'Prouf.

Air Conditioner 02 © Geração 80 Kompetitioun
Luxfilmfest

Klimaanlagen als leschten Depositär vun der kollektiver Memoire nom Biergerkrich: Dee Science-Fiction-Zeenario steet am Mëttelpunkt vum Angolaner Fradique sengem Filmdebut "Air Conditioner".

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen