Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Pressyes - Moving On

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ En Handyverbuet ass eng vu villen Optiounen

Edukatioun

En Handyverbuet ass eng vu villen Optiounen

Wat kënnen d'Schoule maachen, fir de Schüler hiren Ëmgank mat Smartphonen ze geréieren? De Lycée Ermesinde huet viru kuerzem annoncéiert de Gebrauch vun Handye souwuel fir d'Schüler wei fir d'Léierpersonal ze verbidden. Fir den Educatiounsministère an och déi national Elterevertriedung ass dat just eng vu ville Méiglechkeeten.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

De Lex Folscheid, éischte Conseiller um Educatiounsministère erkläert, datt de Lycée Ermesinde dëse Verbuet annoncéiert huet, well en am Alldag vun de Schüler stéiere géif. D'Verbuet elo an alle Schoulen emzesetzen hält hien awer net fir sënnvoll. Et géif an der Autonomie vun de Schoule leien, ze decidéieren, wéi se den Ëmgank mat Smartphones handhaben.

Aner Schoulen hätte Léisunge fonnt fir de kriteschen Ëmgang mat elektronesche Medien hinzekréien an déi Jonk op eng Welt virzebereeden an deenen déi Apparater net méi ewech ze denke wieren.

Alain Massen: Eng Form vun Ohnmacht

Datt d'Digitalisatioun Erausfuerderunge mat sech brénge gesäit och den Alain Massen, President vun der nationaler Elterevertriedung. Problemer wéi d'Verbreede vu Gewaltvideoen op Soziale Medie missten awer "un der Wuerzel ugepaakt ginn" seet hien. Fir déi national Elterevertriedung wier e generellen Handyverbuet net d'Léisung.

"Well wann een ufänkt e gesellschaftleche Phänomen, dat ze verbidde well een net méi weess, wat ee soss ka maachen. Da muss ee sech als Gesellschaft, an als Schoul an Eltere ganz kloer déi Fro stellen."

Fir den Alain Massen misst vill méi gemaach ginn, fir d'Gesellschaft a virun allem déi Jonk iwwer den Ëmgank vun digitalen Apparaten opzeklären. Den Alex Folscheid vum Educatiounsministere fënnt datt dat eng Aufgab ass, déi iwwer d'Schoul eraus geet. Och d'Eltere missten zum Beispill deeene Jonken de kriteschen Ëmgank mat Smartphones ze vermëttelen.