arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handwierkerfederatioun wëllt Recours géint Konkurrenzrot aleeën

Konkurrenzrecht

|
reading time

1 min

Handwierkerfederatioun wëllt Recours géint Konkurrenzrot aleeën

D'Handwierkerfederatioun wëllt Recours um Verwaltungsgeriicht géint eng Entscheedung vum Konkurrenzrot aleeën. Dat huet de Conseil eestëmmeg an enger Reunioun entscheet, seet de Generalsekretär vun der Federatioun, Romain Schmit, am 100,7 Interview. Hannergrond ass eng Klo vun der Federatioun virum Konkurrenzrot, wéinst der Acquisitioun vum Technikbetrib Paul Wagner et fils duerch den Energiefournisseur Encevo d'lescht Joer.

reading time

1 min

Duerch déi Allianz géif eng Konkurrenz-Verzerrung entstoen, esou d'Federatioun. De Konkurrenzrot mengt sengersäits, datt et kee Verstouss géint d'Konkurrenzrecht wier. Dorop äntwert de Romain Schmit.
Wann ech elo gehässeg wier, wat ech net sinn, da géif ech soen: En huet virun der Politik gekuscht. An en huet gesot gehat, d'Gesetz géif am Fong eng Prozedur guer net virgesinn, wou een am Virfeld kuckt, kënnt et zu Konzentratiounen oder net. Si musse wierklech den Abus de position dominante feststellen. Also bei eis muss d'Kand laut hirer Analys schonn am Pëtz leien ier si kënnen aktiv ginn. Doriwwer eraus wieren, erëm eng Kéier an hirer Analys, Enovos a Paul Wagner et fils op anere Marchéen aktiv. Dat ass richteg. Encevo selwer, den Träger vun den zwou Gesellschaften, gesäit awer ganz gutt d'Complementaritéit tëscht der fourniture d'Energie an der Interventioun beim privaten an ëffentlech Client.
Et wéilt ee mat alle Mëttel beleeën, datt et Schwieregkeeten am Konkurrenzrecht géif ginn, esou nach de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun. Hie geet dovun aus, datt de Recours bannent engem Mount kéint agereecht ginn.