Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handwierkerfederatioun kritiséiert ITM

Sozialwahlen 2019

Handwierkerfederatioun kritiséiert ITM

D'Handwierkerfederatioun ass rose mat der Gewerbeinspektioun ITM. Den Direkter vun der ITM Marco Boly sot, datt an 336 Betriber bei de Sozialwale virun dräi Woche kéng Personaldelegatioune gewielt gi wieren. Déi Betriber missten elo mat juristesche Konsequenze rechnen.

auto_stories

2 min

De Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun Romain Schmit kritiséiert d'ITM. Foto: Archiv.

De Romain Schmit seet, hie wier "einfach e bësse sauer", well gemaach géif ginn, wéi wann de Betriber déi Wahlen egal gewiescht wieren. De Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun freet sech, ob een déi Betriber net anescht hätt kënnen approchéieren a se froen, ob si Schwieregkeete gehat hunn, an datt d'ITM hinnen dann hir Hëllef ugebueden hätt.

Genee dat wëllt d'Handwierkerfederatioun maachen. Si hätt eng Newsletter un all hir Membere geschéckt. De Romain Schmit mengt zwar net, dass Honnerte Betriber sech elo um Geriicht mussen erëmschloen, mee trotzdem géif d'Handwierkerfederatioun de Betriber juristesche Bäistand ubidden.

Kritik um elektronesche System

Dobäi bezweifelt de Romain Schmit, datt 336 Betriber hir Flicht, fir Personaldelegatioune wielen ze loossen, net erfëllt hätten. Hien zweiwelt der ITM hir Datebanken un: "Ech hunn nämlech d'Impressioun, datt déi relativ feelerhaft ass. Ech weess also guer net, ob et déi 300 Betriber [...] a leschter Konsequenz och gëtt."

An da wier et net onbedéngt de Betriber hir Schold, wa bei deene Wahle Saache schif goungen. Dee neien elektronesche System, dee fir dës Sozialwalen ageféiert gouf, a wou d'Betriber d'Resultater hu missen areechen, wier "eng Katastroph", esou de Romain Schmit. "Deen huet ganz schlecht funktionéiert." Et wier schwiereg gewiescht, fir d'Daten ze iwwermëttelen, an et hätt een och keng Confirmatioun kritt.


Detailer mam Pierre Reyland:

Lauschterenplay_arrow