Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Handwierker fuerdere weider Mesurë fir de Bausecteur ze stabiliséieren

Logement

Handwierker fuerdere weider Mesurë fir de Bausecteur ze stabiliséieren

D'Handwierkerkammer an d'Handwierkerfederatioun fuerdere weider Mesurë vun der Regierung fir de Bausecteur ze stabiliséieren. D'Carnete mat de Commande wiere virum Congé Collectif eidel an d'Aktivitéit géif weider erofgoen, esou d'Handwierksvertrieder de Freideg virun der Press. Et géif een de Pak un Hëllefsmesuren déi d'Regierung bis elo fir de Konstruktiouns-Secteur geholl huet begréissen, se kéimen awer spéit a géife warscheinlech och net duergoen, war et d'Kritik.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Konstruktiouns-Entreprisë wieren um Zännfleesch ukomm, warnt de Vizepresident vun der Chambre des Métiers. De Paul Nathan fäert, datt de Risiko vun de Faillitten am Bau-Secteur nom Kollektiv-Congé exponentiell an d'Luucht geet.

"Déi Éischt déi betraff sinn, sinn natierlech déi déi Terrassementsaarbechte maachen, d'Evolutiounsaarbechten an dann de Gros-oeuvre. An da geet dat wierklech déi ganz chaîne de production weider."

De Paul Nathan geet och dovun aus, datt een dat an enger zweeter Phas och an de Chômage-Etudë wäert mierken.

Den Handwierksvertrieder no wier bal een Drëttel vun den alles an allem 60.000 Salariéeën am Bausecteur betraff. Fir d'Leit an der Aarbecht ze hale missten déi ëffentlech Institutioune verstäerkt an ëffentlech Bauten investéieren, fuerdert de Paul Nathan vun der Handwierkerkammer.

"Schreift elo aus. Dir kritt elo am Fong ni méi besser Präisser wéi elo, well d'Entreprisë wëllen den Emploi halen, wëllen hir Leit weider beschäftegen. An och eng Kéier de Privatleit : Elo kritt der déi beschte Präisser."

De Secteur fuerdert weider Mesurë vun der Regierung

Fir de Bausecteur ze ënnerstëtzen hat d'Regierung virun zwou Wochen ugekënnegt, zousätzlech 150 Milliounen Euro an den Hëllefs-Mesurë-Pak fléissen ze loossen. Et géif awer weiderhin u Mesurë feele fir den Invest an de Stee méi attraktiv ze maachen, kritiséiert de Vize-Generalsekretär vun der Handwierker-Federatioun, Patrick Koehnen. Bis elo hätt d'Regierung éischter de Contraire gemaach.

"Si hunn am Fong alles gemaach fir den Invest an de Steen am Fong ze briechen. A wa mir den Investisseur net méi hunn, wann deen net méi an de Logement investéiert, jo da baut den Entrepreneur déi Wunnengen net an da wäert eng Kéier den Usträicher net méi usträichen an de Carreleur wäert keng Plättercher méi leeën."

D'nächst Woch ass iwwerdeems eng Entrevue mat de Gewerkschafte virgesi fir iwwer en eventuelle Plan de maintien dans l'emploi fir de Gros-oeuvre ze schwätzen. Dat wier awer déi lescht Optioun an och nëmme wa sech d'Situatioun nom Kollektiv-Congé drastesch sollt verschlechteren, betount de Patrick Koehnen vun der Handwierker-Federatioun.