Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - Get Around To It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handwierk: Chomage partiel fir iwwer 70.000 Leit erwaart

Wirschaftleche Schued

Handwierk: Chomage partiel fir iwwer 70.000 Leit erwaart

D'Handwierkerfederatioun erwaart sech, datt d'Regierung de Betriber kloer ze verstoe gëtt, datt si net am Stach gelooss ginn. De President vun der Fédération des Artisans seet, vill Betriber wieren duerch déi aktuell Kris vun der Faillite bedreet. Si bräichten dofir séier finanziell Ënnerstëtzung, esou de Michel Reckinger.

auto_stories

3 min

Michel Reckinger ass de President vun der Handwierkerkammer

D'Handwierker kéinten am Moment just "hoffen, a bieden", datt d'Kris séier eriwwer geet. No der Kris, misst dann alles gemaach ginn, fir d'Wirtschaft nees un d'Rullen ze bréngen, seet de Michel Reckinger.

"Mir musse kucken, datt zum Beispill de Congé Collectif ofgesot gett dest Joer. Et kann net sinn, datt mer elo 5, 6 oder 8 Wochen net schaffen, an da schécke mer eis Leit am August erem an d'Vakanz. D'Economie muss dat rattrapéieren, wat se verluer huet, fir datt erëm Steiereinahmen kommen, fir datt erëm TVA erakennt. Dofir muss geschafft ginn. Fir mech musse mer eis duerno ganz haart um Bidon rappen, a kucken datt dat Ganzt erem un d'Rulle kennt."

Handwierker fuerdere "séier a staark" Messagen

D'Handwierksbetriber hei zu Lëtzebuerg si ganz staark vun der Corona-Virus Kris betraff, sou de Michel Reckinger. Spéitstens de Freideg mussen all d'Schantercher am Land zou gemaach ginn. Beim Handwierk wier awer net ganz kloer, wéi eng Betriber elo nach dierfe schaffen, a wat alles als "urgent" Aarbechten ugesi gëtt. Do misst d'Regierung nach méi Detailer liwweren, sou de Michel Reckinger. Kloer wier awer, datt all d'Handwierksbetriber net ouni de Chômage partiel wäerten iwwer d'Ronne kommen.

"Mir hunn natierlech do keng Chifferen, mee wann ech de Secteur kucken: Do hu mer 5000 Betriber. Ech gesinn elo net ee Betrib dovunn, dee Chomage partiel net wäert ufroen, well jiddwereen affektéiert ass. Jiddwereen huet Leit, déi en elo net méi asetze kann, well d'Saachen ewechfalen. Dat ass kloer."

80.000 Leit géifen am Secteur schaffen, sou de Michel Reckinger "a wann der muer nach fënnef Prozent dovu schaffebn, dann hu mer 4.000 Leit, déi nach schaffen", sou de President vun der Handwierkerkammer.

"Et brauch staark, a séier Aktioune fir de Betriber ënner d'Äerm ze gräifen", sou de Michel Reckinger ënnersträicht, d'Regierung misst de Betriber elo e kloere Message ginn.

"Fir ze berouegen hätt ech mir wierklech e ganz staarke Message vum Premier erhofft, a sengen Interventiounen, wou gesot gëtt: Ekonomie, mir hunn iech am Bléck, mir halen iech um Liewen, a mir kucken datt dat dote geet! De Macron huet ganz staark Wierder gebraucht, den Altmeier huet ganz staark Wieder gebraucht, a mir hate wierklech gehofft datt an der Ried.

Héich Unzuel u Betriber kéinte am Abrëll an existenzbedroend Situatioune kommen

Fir d'Verbreede vum Coronavirus ze bremsen, mussen muer all d'Chantieren am Land zoumaachen. Domat komme praktesch all d'Handwierkbetriber am Land un d'Stoen. Vill Betriber wieren doduerch an hirer Existenz bedreet, sou Handwierkerfederatioun. De Michel Reckinger huet selwer e Betrib fir Chauffage a Santaire. An och senge eegenen Entreprise geif a nächster Zait un hir Grenze stoussen.

A sengem Betrib géifen am Mäerz d'Rechnunge fir de Februar geschriwwe ginn, sou wéin dat am Secteur üüblech wier. Bis de 15. Mäerz wiere Rechnungen ausgeschriwwe ginn.

"Dat heescht mir kréien nach Sue bis de 15. Abrell. An dann ass Schluss. An da si keng Sue méi do. Da komme keng méi eran. Da si keng Sue mei do fir d'Paien ze bezuelen. Do gett et jo de Chomage partiel, mee dee muss ee virstrecken, an da kritt een en zreckbezuelt. Dat muss dann immens séier goen. An dann hu mer all déi aner lafend Fraisen dei mer hunn. Dat si Loyeren, Cotisatioune, Leasingen, etc. Dat sinn alles Fraisen, déi bleiwen, an do muss ganz séier iergenteppes geschéien."

Déi aktuell Situatioun kann also scho bannent engem Mount existenzbedrohend fir d'Betriber ginn, souguer wa se virdru relativ gutt do stoungen.