Radioen

On air

Iwwer de Wolleken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handelskammer: "Gefor vu System vun zwou Vitessen"

Kritik u Mini-Crèchen

Handelskammer: "Gefor vu System vun zwou Vitessen"

Duerch déi geplangte sougenannte Mini-Crèchë kéint d'Qualitéit vun der Kannerbetreiung riskéieren, sech ze verschlechteren, respektiv d'Betreiung op ënnerschiddleche Vitesse lafen. D'Konkurrenz mat anere Crèchen déi schonn existéieren, kéint sech verzerren. Dat schreift d'Handelskammer an hirem Avis zum Gesetzprojet. De Rapporter vum Text, den DP-Deputéierte Gilles Baum, kann déi Kritiken net novollzéien.

auto_stories

4 min

D'Chambre de Commerce stéisst sech eleng schonn um Terme Crèche. Domat géif een eng Erwaardungshaltung schafen, där d'Mini-Crèchen net kéinte gerecht ginn. D'Handelskammer fäert effektiv, datt an dësen neie Strukturen, an deenen d'Obligatiounen an de Beräicher Infrastruktur, Sécherheet an Hygiène méi labber wieren, wéi fir déi klassesch Crèchen, d'Qualitéit vun der Kannerbetreiung an awer och vun den Infrastrukture kéint leiden, seet den Auteur vum Avis, Michaël Sibilia.

Fir d'Chambre de Commerce géif et verschidde Punkte ginn, bei deenen ee keng Concessiounen dierft maachen. Dat géif fir d'Infrastruktur gëllen, grad wéi fir d'Sécherheet, mee och fir d'Hygiène. D'Prestatairë missten dem héchste Mooss u Qualitéit entspriechen, seet de Michaël Sibilia.

"Gefor vu System vun zwou Vitessen"

Doduerch géif e System vun zwou Vitessen entstoen, deen och Problemer an der Kompetitioun mat anere Crèchë kéint mat sech bréngen. Déi zwee Typpe vu Strukture missten déi selwecht Ufuerderungen erfëllen, fir den Agrement ze kréien. D'Konditioune fir d'Mini-Crèchë wieren awer manner streng, wat d'Infrastruktur an d'Qualifikatioun vum Personal ugeet. D'Mini-Crèchë wieren deemno bevirdeelegt par Rapport zu den traditionelle Strukturen.

Dowéinst bestéing och de Risk, datt bestoend Strukture sech géifen decidéieren, fir sech an eng Mini-Crèche ëmzewandelen, well d'Konditioune fir déi Haiser méi favorabel wieren, sou de Michaël Sibilia. D'Handelskammer fuerdert dofir eng Re-Evaluatioun vun de Konditiounen an den Uspréch, déi un d'Mini-Crèchë gestallt ginn.

Idealerweis missten all d'Acteuren aus de concernéierte Secteure sech zesummesetzen a Critèren ausschaffen, fir ze garantéieren, datt d'Qualitéit vun de Prestatioune sech an Zukunft net verschlechtere wäert.

"Weider Kontroll vu baussen"

Déi Kritike vun der Handelskammer kann de Rapporter vum Gesetzprojet, den DP-Deputéierte Gilles Baum, net ganz novollzéien. D'Iddi fir déi Strukture wier aus Gespréicher mat den Acteuren um Terrain entstanen an et wier net esou, wéi wann do guer keng Kontroll vu bausse géif gemaach ginn.

D'Strukture géife regelméisseg iwwer Agents regionaux kontrolléiert, seet de Gilles Baum. Hie wier dofir net der Meenung, datt d'Qualitéit vun den Infrastrukture géif erofgoen. Nieft der Dagesmamm wier och een Educateur dobäi, fir d'Kanner ze betreien. Et géif awer d'Méiglechkeet bestoen, fir eng Mini-Crèche ze maachen, "innerhalb vun deem Haus, wou virdrun d'Dagesmamm geschafft huet an do muss jo alles vun den Infrastrukturen, vun den Toiletten, vun de Raim, wou d'Kanner wäerte schlofen, klappen. Soss géif se keen Agrement kréien, dofir kann ech déi Kritik vun der Chambre de Commerce net deelen", seet de Gilles Baum.

Konkurrenzkampf géif et haut och scho ginn, sou de Gilles Baum. Méi wichteg ass fir hien déi méisproocheg Fréifërderung, déi duerch d'Schafung vun dësen neie Strukturen och virugedriwwe soll ginn.

Dat soll de Mini-Crèchen och d'Méiglechkeet ginn, dat selwecht ze maache wéi de Service d'éducation acceuil, e Service, deen d'Dagesmammen eleng net kënnen offréieren. Ob de Konkurrenzkampf sech weider wäert acceleréieren, an ob sech grouss Crèchen elo a méi kleng Unitéite wäerten ëmwandelen, misst d'Zäit weisen, seet de Gilles Baum.

Mini-Crèchë wirtschaftlech rentabel?

An den zukünftege Mini-Crèchen dierfe maximal eelef Kanner tëscht 0 an zwielef Joer zu gläicher Zäit betreit ginn. D'Chambre de Commerce hannerfreet an hirem Avis dëse Plafong. Si stellt d'Fro an de Raum, op eng Etüd zu der wirtschaftlecher Rentabilitéit vun deene Strukturen duerchgefouert gouf a fuerdert op deem Punkt Opklärung.

"Rentabilitéitspréifung nach net méiglech"

Esou eng Etüd gouf bis elo nach net gemaach, sou d'Äntwert vum Gilles Baum, dat wier zu dësem Zäitpunkt och nach net méiglech.

"Mir gi lo hei op de Wee, wou mir zu den Dagesmamme soen, an dat ass och dat wat vum Terrain gefrot ginn ass, fir d'Méiglechkeet ze ginn, fir sech ze vergréisseren. Fir där Offer souwuel vum Chèque Service, wéi vun der Education plurilingue kënne gerecht ze ginn, fir deem kënnen eng Chance ze ginn", seet de Gilles Baum.

D'Gesetz iwwer d'Schafung vun de Mini-Crèchë soll viraussiichtlech am Januar d'nächst Joer a Kraaft trieden. Et kéint een envisagéieren, fir ee Joer méi spéit en éischte Bilan ze zéie vum Succès vun där Initiativ, seet de Gilles Baum.