Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hiss Golden Messenger - Nu-Grape

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hamilius: Privat oder Public?

Question urgente un de Stater Schäfferot

Hamilius: Privat oder Public?

Ass d'Hamiliusplaz an der Stad privat oder public? Dat froen Déi Lénk an enger Question urgente de Stater Schäfferot. Hannergrond ass de Fraemarsch, deen den 8. Mäerz vun der Plattform JIF an der Stad organiséiert gëtt. D'Organisateuren hätte vum zoustännegen Zerwiss vun der Stater Gemeng de Message kritt, datt den Hamilius méiglecherweis net dierft benotzt ginn, well "D'Proprietäre vun der Plaz Firce Capital keng Manifestatioun op hirer Plaz wëllen." Eng Ausso déi eng Partie Froen opwerft.

auto_stories

2 min

Op d'Question urgente vun déi Lénk soll haut de Mëtten am Stater Gemengerot reagéiert ginn. (Foto: Laura Poggi an Yves Stephany)

Lauschterenplay_arrow


An Tëschenzäit hätt d'JIF zwar d'Autorisatioun vun der Stater Gemeng kritt, well sech just um Hamilius rassembléiert an net manifestéiert géing ginn, esou d'Maxime Miltgen vun der feministescher Plattform. Dat géing awer näischt um Kärproblem änneren.

"An zwar firwat eng Privatfirma op enger Plaz matten an der Stad decidéiere kann, datt een sech net dierf rassembléieren oder net dierf manifestéieren."

D'Äntwert vun der Stad Lëtzebuerg un d'Plattform JIF fir d'Organisatioun vum Fraestreik wier net esou erausgaange wéi se sollt, seet dozou de Stater Schäffe Patrick Goldschmit.

D'Äntwert wier an Tëschenzäit redresséiert ginn an d'JIF hätt elo anescht ewéi am éischte Retour awer d'Erlabnis kritt, sech um Hamilius ze rassembléieren.

Reglementer vun der Stad ginn applizéiert

Weider erkläert hien, d'Hamiliusplaz wier ee privaten Espace, deen awer accessibel an oppe wier fir de Public. Dee Moment wieren et och d'Reglementer vun der Stad déi sech géingen applizéieren.

"Wann een do wëll eppes organiséieren op der Plaz, da brauch een d'Geneemegung vum Buergermeeschter op Basis vun deenen néidege Reglementer. Et ass also net an deem Fall um Emphytéote oder um Proprietär fir ze autoriséieren oder ze refuséieren, deemno wéi een Evenement et ass."

D'Organisateure missten d'Manifestatioun just bei der zoustänneger Gemeng deklaréieren, präziséiert de Patrick Goldschmit. Anescht wier et bei Evenementer, déi a Konkurrenz géinge stoe mat de Commercen um Hamilius. Do bräicht een den Accord vun de Proprietären. Dat wier 2014 an enger Konventioun tëscht der Gemeng an de Proprietäre festgehale ginn, seet de Stater Schäffen.

De Feeler ass schonn éischter geschitt

Eng Konventioun, déi de Privatinvestisseure vu Firce Capital d'Hamiliusplaz wärend 75 Joer ënner Emphytéose zur Verfügung stellt. Ee Feeler, fënnt de Guy Foetz, Gemengeconseiller vun déi Lénk. Eng ëffentlech Plaz dierft eigentlech souwisou net privat sinn.

"De Feeler, deen ass geschitt, datt dee ganzen Terrain do deen eigentlech der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert. Datt dee privaten Investisseuren iwwerlooss ginn ass fir do Commercen ze maachen, fir do deier Appartementer ze bauen."

Op d'Question urgente vun déi Lénk soll haut de Mëtten am Stater Gemengerot reagéiert ginn.