Horesca Hallschent vun Horeca-Betriber hu keng Hëllef ugefrot

Vun den 2.600 Betriber, déi am Horeca-Secteur eng Hëllef aus dem Relance-Pak zegutt hunn, huet d'Hallschent keen Dossier agereecht. Et wier onfair ze soen, datt d'Regierung oder d'Horesca näischt fir Cafetieren a Restaurateure géif maachen, reagéiert de Generalsekretär vun der Horesca de François Koepp op Kriticke vun de Manifestanten, déi op der Demonstratioun gesot hu si géife vergiess ginn.

Carole Schimmer / cz

François Koepp
De François Koepp ass Generalsekretär vun der Horesca. Foto: Archiv

Lauschteren


Et wier de Läit hiert gutt Recht ze manifestéiere fir op déi schwiereg Situatioun am Secteur vun de Cafetieren a Restaurateuren opmierksam ze maachen. Et kéint een dat gutt verstoen, wann dat ziviliséiert géif oflafen, betount de Generalsekretär vun der Horesca, der Federatioun vun den Hotellen, Restauranten a Caféen.

Hie kéint d'Kritik net gëlle loossen, datt de Staat näischt géif maachen, oder datt d'Horesca hir Aarbecht net géif uerdentlech maachen.

"Dat ass onfair, dat si Leit, déi sech net iwwer déi méiglech Hëllefen informéiert hunn, déi et ginn. Am Fong hätte mer 2.600 Betriber, déi Hëllefe kéinte kréien. Mee all Kéier wa mer den Decompte gemaach kréie vun de Betriber, déi eng Demande op Hëllefen aus dem Relance-Pak agereecht hunn, si mer knapps bei der Hallschent."

Finanziell Ënnerstëtzung fir kleng a grouss Betriber

Wärend dem éischte Lockdown hat een Horesca-Betrib een Urecht op verschidden Hëllefen, erkläert de François Koepp.

"Fir Betriber mat bis zu 20 Mataarbechter huet de Staat zwee Mol 5.000 Euro bezuelt, derbäi kënnt eng Hëllef fir Onofhängeger, déi tëscht 3.000 a 4.000 Euro läit. Betriber mat maximal 20 Mataarbechter kruten och 12.500 Euro.

"Wärend dem Lockdown ass u weideren Hëllefe geschafft ginn. Engersäits gouf d'Hëllef Aide de relance et de solidarité ageféiert. Pro Salarié dee geschafft huet, krut de Betrib 1.200 Euro, a fir Salariéen, déi am Chômage partiel sinn, kommen 250 Euro derbäi."

Nei Ënnerstëtzung betrëfft déi ongedeckte Käschten.

Je no Gréisst vu Betrib a Verloscht un Ëmsaz, ginn all déi Depensë couvréiert, déi een net konnt bezuelen, betount de François Koepp.

"Bei der Aide pour frais non couverts kritt ee Betrib mat bis zu 50 Mataarbechter 90 Prozent vun de fixe Käschte gedeckt, ënner anerem och de Loyer. Méi grouss Entreprisë kréie 70 Prozent vun deene Fraise rembourséiert. Dat heescht sämtlech Fraise Salairen, Loyeren, oder nach Gas a Stroumrechnunge sinn abegraff. Eng wichteg Hëllef ass de Chômage partiel. Den Horesca-Secteur war virun der Pandemie net eligibel fir de Chômage partiel, d'Horesca huet sech derfir agesat, fir datt dat kann de Fall sinn."

Et wiere vill Hëllefe fir Caféen a Restaurante virgesinn, mee et misst ee se ufroen, esou de François Koepp. Eng Ënnerstëtzung fir d'Formulairen auszefëlle gëtt et bei der Horesca oder der Chambre de commerce. Déi, déi nach keng Demande agereecht hunn, kënne fir d'Méint Juni bis November bis de 15. Februar déi Demarche nohuelen.

Loyer Erhéijung Ufanks vum Joer

Verschidde Brauereien hunn ufanks vum Joers, sou wéi dat am Kontrakt stoung, eng Erhéijung vum Loyer gefuerdert, bedauert de François Koepp.

"Dat fanne mir ee Skandal. Dat ass eng Frechheet, fir dat an engem Joer ze maachen, wou een esou vun der Kris getraff gëtt. Wann d'Caféeen a Restauranten op gewiecht wieren, dann hätte mer näischt gesot. Hei hätt awer d'Mënschlechkeet kënnen do sinn an d'Brauereien hätte kënne soen, si géifen déi Klausel am Kontrakt net applizéieren."

Méi zum Thema

Marche HORESCA
Demonstratioun

An der Stad sinn de Samsdeg Cafetieren a Restaurateure fir eng "Marche Silencieuse" duerch d'Geschäftsstzrosse bis bei d'Chamber marschéiert. Ronn 220 Leit wiere matt gaangen, sou d'Cristina Borges, Mat-Organisatrice vun der Marche.

Vue op Clausen
Horeca

Bis ewell hätte sech eng 300 Leit ugemellt, fir um Samschen géint déi schwiereg Situatioun am Horeca-Secteur ze manifestéieren. Op kee Fall wéilt ee sech awer mat Corona-Géigner mëschen, esou d'Organisatrice.

Vue op Clausen
Corona-Pandemie

Den Horeca-Secteur fäert ëm seng Zukunft. D'Etablissementer bleiwe bis Enn des Mounts zou: d'Perspektivlosegkeet an d'Waarden op verschidde finanziell Hëllefen dréckt op d'Stëmmung.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen