Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - You Wanna Freak Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCTO: "Gutt Zuelen, ma Sputt no uewen"

Optakt vun der Touristesaison

LCTO: "Gutt Zuelen, ma Sputt no uewen"

Den Tourismussecteur hofft op d'Joer 2022 - déi lescht zwee Joer ware schwiereg bedéngt duerch d'Corona-Pandemie an déi ënnerschiddlech Restriktiounen, déi gegollt hunn. Den Ouschterweekend kënnegt sech fir eis Haaptstad awer gutt un, seet den Tom Bellion, Direkter vum Luxembourg City Tourist Office. An Zuelen hätt een awer nach net dat erreecht, wat et virun der Pandemie war.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Hotelsbuchunge fir den Ouschterweekend an der Stad wiere ganz gutt, seet den Tom Bellion, Direkter vum LCTO. An d'Stad komme virun allem Dagestouristen - och alt emol spontan, an dat schéint Wierder géif hëllefen, méi Leit unzezéien. D'Stad Lëtzebuerg fënnt e grousse Publikum an den Nopeschlänner - engersäits bei Famille mat Kanner, mee och bei eelere Leit.

Den Tom Bellion weess, wéi een d'Stad am beschte verkeeft: "Mir hunn eng gréng Stad, mat flotte Spadséierweeër", erkläert den Direkter vum LCTO. Ganz attraktiv wier awer och d'Stater Restauratioun an d'Geschäftswelt, genee ewéi déi kulturell Institutiounen - vum Theater iwwer d'Philharmonie bei de Pei-Musée.

De Business-Tourismus awer géif aktuell nach ëmmer lues laafen, seet den Tom Bellion, och wann d'Restriktiounen e bëssen iwwerall gelackert goufen.

"Frou, datt et biergop geet"

"Mir sinn awer optimistesch an frou, datt et einfach erëm biergop geet", explizéiert den Tom Bellion weider. Den Ament géifen awer virun allem och nach Touristen aus den USA mee och aus den asiatesche Länner feelen.

Den LCTO-Direkter kéint nach net soen, ob den Ukrain-Krich mat de Sanktioune géint Russland eng Repercussioun op den Tourismus vun deene Leit bei eis hätt.