Den Text wier eng Gemeinschafts-Produktioun vu Regierung, Parlament (mat Majoritéit an Oppositioun) a Staatsrot. Dofir géif hien de Virworf vun der Oppositioun net gëlle loossen, datt d'Regierung hei e schlechten Text presentéiert hätt. "En ass um Enn och net perfekt, mee et ass dat Bescht, wat mer konnte maachen, an där Zäit, an engem Neiland, dat mer bis elo nach net haten", esou de fréiere Chamberpresident.
Wat de Timing ubelaangt, confirméiert de Mars Di Bartolomeo, datt den Avis vum Staatsrot zu de leschten Amendementer am Laf vum Freideg de Moie géif kommen, esou datt deen Avis am Nomëtteg an der zoustänneger Kommissioun analyséiert géif ginn, éier déi selwecht Kommissioun muer de Rapport wäert unhuelen. Der Debatt an dem Vott vum Gesetz wéi geplangt e Méindeg steet also am Prinzip näischt am Wee. D'Covid-Gesetz muss jo spéitstens e Mëttwoch a Kraaft trieden, well den État de crise dann eriwwer ass.