Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Quadratur Des Kreisels

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Guterres, Erdogan, a Selenskyj treffe sech zu Lviv

Ukrain-Krich

Guterres, Erdogan, a Selenskyj treffe sech zu Lviv

Haut Donneschdeg trëfft sech am Weste vun der Ukrain de President Wolodymyr Selenskyj mam UNO-Generalsekretär Antonio Guterres a mam tierkesche President Erdogan. Et soll do haaptsächlech ëm d'Agrar-Exporter aus der Ukrain goen, mee och soll en diplomatescht Enn vum Krich diskutéiert ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Vill Detailer iwwer d'Treffe gouf et vun der tierkescher Presidence net: Just datt een en Enn vum Krich mat diplomatesche Mëttel fanne wéilt.

Tierkei huet gutt Relatioune mat Ukrain a Russland

D'Tierkei an d'Presenz vum President Erdogan op ukraineschem Buedem kéint en éischte Schrëtt sinn, och wa sech d'Iddi vum Fridden an der Ukrain momentan onrealistesch an optimistesch unhéiert.

D'Tierkei positionéiert sech op neutralem Buedem, oder besser gesot a béide Länner: D'Relatioune si gutt mat Kiew a mat Moskau. Den Erdogan gesäit sech mam President Putin zu Sochi mee gëtt der Ukrain weiderhi Krichswaffen.

Et war och d'Tierkei déi fir d'lescht eng Reunioun tëschent dem ukraineschen a russeschen Ausseminister organiséiert hat. Duerno ass de Krich awer ëmmer méi schlëmm ginn.

Weess-Exporter an Atomkraaftwierk vu Saporischschja

Et waren och d'UNO an d'Tierkei déi e Weess-Ofkommen erméiglecht hunn. Nom Akkord vu Kiew a Moskau gëtt et nees Agrar-Exporter aus der Ukrain, iwwer d'schwaarzt Mier an duerch déi russesch Blockad. Et soll zu méi Exporter kommen, datt ass eent vun den Ziler fir dës Reunioun vum Antonio Guterres.

D'UNO wëll och eng Missioun vun Experte vun der internationaler Agence fir d'Atomenergie an d'Ukrain erméiglechen, an d'Atomkraaftwierk vu Saporischschja. Dofir muss et wuel zu enger Wafferou kommen, fir eng entmilitariséiert Zon gouf et och Opriff.

Mee d'Géigend ass e Krichsgebitt, a Russland an d'Ukrain hale sech weiderhi géigesäiteg responsabel fir Rakéitenugrëff op d'Zentral. Den ukrainesche President Selenskyj warnt ëmmer nees virun enger Atomkatastroph.