Radioen

On air

Notturno  |  De La Soul - Pain Feat. Snoop Dogg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Guiden a Scouten um Dag vun der Bäisetzung

Lëtzebuerg seet Äddi

Guiden a Scouten um Dag vun der Bäisetzung

"De Scoutismus wier eng wonnerbar Method, fir jonk Mënschen zu charaktervolle Persounen a gudde Bierger ze erzéien." Mat deene Wierder zitéiert den Yves Marchi, Commissaire général adjoint vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute de verstuerwene Grand-Duc Jean. Mam Doud vum fréiere Grand-Duc wier net nëmmen en aussergewéinleche Mënsch vun eis gaangen, mee och de Chefscout vun de Scouten zu Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

Um 1. Mee hunn d'Scouten vu Lëtzebuerg am Palais eng Garde d'honneur fir hire verstuerwene Chefscout gehalen. Haut - um Dag vum Begriefnes - ass e sougenannte Stäremarsch bis an d'Péitruss geplangt, wou eng Chaîne des adieux gemaach soll ginn, esou den Yves Marchi, Commissaire generale adjoint vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

Dono ginn dann een Deel vun de Leit, déi matgaange sinn, da kucken, wéi dee Cortège ass an 250 Stéck wäerte Spaléier stoe wann de Sarg um Palais an d'Kathedral gedroe gëtt a weider 30 Guiden a Scouten wäerten no der Mass am Parvis, Trapen erof a Richtung Krypta, Spaléier stoen, wann de Chefscout erof an d'Krypta gedroe gëtt.

Déi éischt Beréierung mam Scoutismus hätt de Grand-Duc Jean am Exil gehat, esou den Yves Marchi. Hei gouf dem spéidere Chefscout och d'Aufgab zougedroen, de Scoutismus zu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich no vir ze bréngen.

Hien huet 1945, den 28. Oktober, op der Areler Strooss am Stadion, säi Scouts-Verspriechen ofgeluecht. An dat Zitat wat hien do bruecht huet, dat weist a wéi engem Sënn hien de Scoutismus gelieft huet, datt dat eng ganz seriö Saach ass, an datt hien dat ganz eescht hëlt.

Foto: JUBICA-FNEL

Virun allem een iwwerliwwert Zitat hätt dem verstuerwene Grand-Duc seng Astellung zum Scoutismus ënnerstrach, esou den Yves Marchi

Am Scoutisme erkennen ech méi wéi e Spill fir grouss, kleng a ganz kleng Bouwen. Ech gesinn an him eng wonnerbar Method fir jonk Mënschen zu charaktervolle Manner a Bierger ze erzéien.

Foto: Collection de la Cour grand-ducale

Domat hätt de Grand-Duc Jean déi ganz Philosophie vum Scoutismus op de Punkt bruecht, esou den Yves Marchi. Wäerter wéi Frëndschaft a Solidaritéit hätt de Grand-Duc Jean ëmmer héich gehalen. Dat hätt och dem Grand-Duc säin Ëmgang mat senge Matmënsche gewisen

Wann hie bei eis komm ass, war et jo net de Grand-Duc dee komm ass. Wann hie bei eis komm ass, war et eise Chefscout, dee komm ass. Mee virun allem war hien e Scout. Hie war ee vun eis. An dat huet hien de Leit, déi do waren, direkt ze spiere ginn, esou datt déi sech à l'aise gespiert hunn. Dat ass e ganz grousse Merite vun eisem Chefscout.

Eng "Extrawurscht" wollt de Chefscout ni kréien. Dat ënnersträicht den Yves Marchi, General-Commissaire adjoint vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten mat enger Anekdot:

Wéi hien den 1. Mäerz dëst Joer bei eis op der Séance académique war fir 100 Joer LGS (Lëtzebuerger Guiden & Scouten), do wousst de Sall natierlech Bescheed, datt hie géif kommen an datt och de Grand-Duc Henri dobäi wier. An dat huet jo eng gewësse Prozedur, wann de Grand-Duc erakënnt. An all Mënsch stoung, an et war roueg. An du sot hien zu der Commissaire générale: "Hei bannen schwätzt jo kee Mënsch. Et ass jo ganz roueg." Hie war iwwerrascht doriwwer. An dat vun engem Mann, dee jo awer méi wéi eng Kéier op offiziellen Uläss war.