Radioen

On air

Notturno  |  Claude Pauly - Moorish Maze

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gruppendenken

Fräie Mikro

Gruppendenken

Politesch Diskussioune lafe gären a Floskelen, Phrasen a Wuertgekléngel aus. Déi Tendenz mierkt een och gären am sougenannten ëffentlechen Discours an op de sozialen Medien. Esou bekannt de Phänomeen ass, esou interessant bleift e fir sozialpsychologesch a soziologesch Analysen. Et handelt sech dobäi ëm e Phänomeen, deen als "Gruppendenken" bezeechent gouf. An dat setzt sech onbewosst hanner der empfonnter Gruppenidentitéit duerch.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Viru Kuerzem hunn ech en Artikel iwwer iwwerdriwwene Kooperatioun bei der Maskeflicht, also iwwer den "vorauseilenden Gehorsam" an de Ressentiment publizéiert. Ech gouf am viraus gewarnt, datt ech mech domat op e geféierlechen Terrain beginn. Dofir hunn ech d'Publikatioun dem Blog vum Guy Kaiser uvertraut; eng vun den wéinegen Internetsäiten, wou systematesch eppes vu kriteschem ëffentlechen Debat praktizéiert gëtt.

D'Haaptkritik vu mengem Artikel huet dunn awer net dem Inhalt vum Text gegollt. Et war menge Kritiker kloer, ouni och eng Zeil ze liesen, datt wien op där Plaz publizéiert, sech eleng domat schonn delegitiméiert.

Sécher ass déi Reaktioun en flott Beispill fir Kontaktschold; eng Variant vum Argumentum ad hominem. Dat ass déi rhetoresch Technik, mat där een inhaltlech Diskussioun evitéiert, andeems ee Persounen ugräift.

No bannen existéiert en "Mär-Gefill"

Nach méi interessant awer, a vill manner sichtbar, ass hei dat, wat en amerikanesche Sozialpsycholog "Gruppendenken" genannt huet. Den Numm vum Begrëff gouf vum Irving Janis, an Uleenung op den "Newspeak" vum Orwell sengem "1984" gewielt.

Dem Janis seng Ënnersichunge vum Gruppendenken stëtze sech op detailléiert Fallstudië vu bekannten Decisiounsprozesser aus der Politik. Wärend de Mechanismus vun der Gruppendynamik zanter dem Sigmund Freud sengen Analyse bekannt ass, huet den Janis eng weider Rei vun interessante Phenomeener aus der Gruppendynamik opgedeckt.

Bekannt sinn déi déif Differenzen am Denken a Fillen tëschent dem eegene Grupp an Friemgruppen. No bannen existéiert en "Mär-Gefill", also en Zougehéieregkeetsgefill, en "esprit de corps", eng "Gruppenidentitéit".

No bausse ginn d'Membere vu Friemgruppen gäre verflaacht an esouguer entmënschlecht. Dofir kënne Friemgruppen da liicht zum Zil vun Aggressioun ginn.

Wat de Grupp méi zesummenhält, wat d'Gruppennorme méi verënnerlecht ginn

Kucke mer kuerz op den Effet vun der interner Zensur am Grupp. Et verhält sech do paradoxal esou, datt wat d'Koherenz vum Grupp méi grouss gëtt, wat d'Gefill vun der interner Zensur erofgeet. Wat sech also d'Membere vum Grupp méi integréiert a méi unerkannt spieren, wat si sech méi fräi fillen, awer a Wierklechkeet méi ugepasst denken an handelen.

Jee besser de Grupp no bannen zesummenhält, desto méi staark, a méi onbewosst sinn dann och d'Verënnerleche vun de Gruppennormen.

Doduerch gëtt dann hannerrécks alles wierklech eegestännegt, kritescht Denken onbemierkt ënnerbonnen. Trotz dëser verënnerlechter Zensur herrscht bei de Betraffenen déi fest Iwwerzeegung autonom a kritesch ze denken, fräi vun allem Afloss ze sinn, an esouguer originell ze denken, do wou just eidel Floskelen an huel Phrasë widderholl ginn.

Identitéitsmassage no bannen a platt symbolesch Gewalt no baussen

Do also wou d'Gruppendenken am Beschte funktionéiert, do fille sech déi Betraffen am Individuellsten an am Originellsten, sinn awer am konformsten agegliddert.

Zu de charakteristeschste Symptomer vum Gruppendenken gehéiert dofir d'Schwätzen an d'Schreiwen a Stereotyppen.

D'Denken am Gruppendenken ass also ironesch ze verstoen.

Gruppendenken ass keen Denken, mee säi Contraire: Identitéitsmassage no bannen a platt symbolesch Gewalt no baussen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.