Radioen

On air

Notturno  |  Knower - I'm The President

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grupp Post 2020: manner Benefice

Wirtschaft

Grupp Post 2020: manner Benefice

De Grupp Post huet d'Joer 2020 mat engem Netto-Benefice vu ronn 36 Milliounen Euro ofgeschloss. Dat ware fënnef Prozent manner wéi 2019. Beim operationelle Resultat war eng Baisse vu 16 Prozent. D'Post huet dem Staat 14 Milliounen Euro Dividenden iwwerwisen. D'Post wier kee Gewënner vun der Corona-Kris, esou de President Serge Allegrezza bei der Presentatioun vun den Zuelen. Mee de Grupp géif sech als eng "activité essentielle" gesinn.

auto_stories

1 min

De Grupp Post hätt ënnert der Pandemie gelidden, mee et hätt e keng Ursaach sech ze bekloen, esou d'Aschätzungen zu de Resultater fir 2020.

D'Zuel vun de Bréiwer ass d'lescht Joer ëm zéng Milliounen zeréck gaangen, op 116 Milliounen. Bei de Päck war et e Plus vu 47 Prozent op 6,1 Milliounen Unitéiten, sou de Generaldirekter Claude Strasser. An ass d'Post fir hire Generaldirekter kee Krisegewënner. An éischter Linn hätten déi Betriber vun der Coronapandemie profitéiert, déi d'Wuere verkaaft hätten - virop Amazon, sou de Claude Strasser - ouni den Onlinehandelgigant mam Numm ze nennen.

Mat Amazon wier eng laangfristeg Partnerschaft nei verhandelt an ofgeschloss ginn, bei där d'Charge e bësse méi equitabel verdeelt gi wier.

Negativzënse vum Hierscht un

Strukturell Problemer ginn et am Finanz-Metier bei der Post. Dowéinst dierfte vum Hierscht un och Clientë mat manner wéi enger Millioun Euro um CCP negativ Zënse musse bezuelen, sou de Claude Strasser. D'Post kéint net Milliounen negativ Zënsen absorbéieren.

Wéinst engem Akt vu Sabotage Ufank August 2020 duerch e Mataarbechter bei der Post-Filial Victor Buck Services hätt een eng Plainte gemaach, esou de Post-Generaldirekter. Et wier een doduerch ganz schwéier getraff ginn: eleng fir d'lescht Joer léich de finanzielle Schued bei geschaten aacht Milliounen Euro.