Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Loyle Carner - Nobody Knows (Ladas Road) [Clean Edit]

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groussherzoglechen Haff soll méi Moyene kréien

Reform vum Haff

Groussherzoglechen Haff soll méi Moyene kréien



Am Kader vun der geplangter Moderniséierung soll de groussherzoglechen Haff vun 2021 u considerabel méi Budget kréien. An der geplangter neier Administratioun "Maison grand-ducale" sollen 142 Leit Personal schaffen: dat wieren der 35 méi wéi bis elo.

auto_stories

1 min

Dat war vun Oppositiouns-Deputéierte gewuer ze ginn, nodeem de Premier de Mëtteg an der Chamber-Institutiounekommissioun den Textprojet presentéiert huet, fir de geplangten Arrêté grand-ducal fir d'Organisatioun vun der Maison grand-ducale. Dem Xavier Bettel no, hätt de Grand-Duc säin Aval dofir ginn.

Domat solle Recommandatiounen aus dem Waringo-Rapport vum Februar dëst Joer ëmgesat ginn, fir ë.a. méi Transparenz bei der Finanz- a Personal-Gestioun um Haff. Den Auteur Jeannot Waringo huet op Nofro gesot, datt seng Missioun vun haut u "richteg eriwwer" wier. Immens vill Saachen aus sengem Rapport wieren iwwerholl ginn, fir eng modern Monarchie ze schafen.