De Streik huet och Auswierkungen op Lëtzebuerg. D'CFL huet annoncéiert, datt haut tëschent Waasserbëlleg an Tréier guer keng Zich fueren. Och de Fluchverkéier ass perturbéiert - d'Luxairflich op Frankfurt a München sinn ofgesot. Ausserdeem sinn d'Schleisen op der Musel net a Betrib. Zu Potsdam soll sech de Bund haut op eng drëtt Verhandlungsronn mat der Gewerkschaft VERDI treffen, déi eng 10,5 Prozent méi Paie am ëffentlechen Déngscht fuerdert.
Streik huet Auswierkungen op Lëtzebuerg
D'Deutsche Bahn huet de bundeswäite Verkéier gestoppt an et wäerten och am Regionalverkéier kaum Zich fueren. Dobäi komme Streiken a ville lokalen Transportrésauen, wou deemno da keng S-Bahnen, Busser an Tram'en fueren. Hei si siwe Bundeslänner betraff: Baden-Württemberg, Bayern, Hessen, Niedersachsen, Nordrhein-Westfalen, Rheinland-Pfalz a Sachsen.
De Spriecher vun der Deutsche Bahn Achim Strauss confirméiert, datt Passagéier, déi een Ticket fir haut oder muer hunn, dësen eng ganz Woch bis de 4. Abrëll inclus notze kënnen.
"Und wir haben sehr schnell Kulanzregelungen eingeführt: Die Zugbindung bei Spar- und Supersparpreisen ist selbstverständlech aufgehoben worden. Die Karten können kostenlos erstattet werden. Und selbstverdtändlich gibt es das Geld für Platzreservierungen zurück."
De Streik huet och Auswierkungen op Lëtzebuerg. D'CFL huet annoncéiert, datt haut tëschent Waasserbëlleg an Tréier op der Linn 30 guer keng Zich fueren. Alternativ fueren op dëser Stréck dräi Linnebusser, mee et misst ee méi Zäit aplangen. Et gëtt geroden, sech am Viraus um Site vun der CFL ze renseignéieren.
De Fluchverkéier ass och pertubéiert
Iwwerdeems hofft de Spriecher vun der Deutsche Bahn, datt muer um Dënschden de Betrib erëm normal verlafe wäert - garantéiere kéint hien dat awer nach net.
Et géif ganz vun der Dynamik ofhänken. Wa sech d'Schichten vun de Mataarbechter:innen vu Méindes op Dënnstes iwwerschneiden. kann et virkommen, datt och nach Dënnstes vereenzelt Aschränkunge bestinn.
Och de Fluchverkéier ass perturbéiert - d'Luxairflich op Frankfurt a München sinn ofgesot. De Berliner Flughafen ass den eenzegen, deen haut net bestreikt gëtt. Ausserdeem sinn d'Schleisen op der Musel net a Betrib. Deemno kennen d'Schëffer haut net duerchgängeg iwwer déi däitsch Musel fueren, dat huet d'Schëfffahrtsverwaltung vum däitsche Bund confirméiert.
Parallel ginn d'Verhandlungen ëm en neien Tarifvertrag weider. Zu Potsdam soll sech de Bund haut op eng drëtt Verhandlungsronn mat der Gewerkschaft VERDI treffen, déi eng 10,5 Prozent méi Paie iwwer 12 Méint fir Mataarbechter am ëffentlechen Déngscht fuerdert.