Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grousse Schued bei de Betriber

Nom Héichwaasser

Grousse Schued bei de Betriber

Duerch d'Héichwaasser vun der leschter Woch huet d'Entreprise Oberweis e geschate Schued vun 2 bis 2,5 Milliounen Euro, esou den Administrateur Tom Oberweis am 100,7-Interview. Well d'Baach Drosbech iwwergelaf war, wier déi ganz Cloche d'Or iwwerschwemmt gewiescht. Am Gebai vun Oberweis hätten all d'Kellere mat de Lagerraim a Frigoen ënner Waasser gestanen. Well keng Liewensmëttel méi konnte produzéiert ginn, hunn allen néng Geschäfter fir eng Woch mussen zoubleiwen. Réischt muer Freideg soll de Gros vun de Geschäfter a Restaurante rëm opgoen, mat Ausnam vun deem op der Cloche d'Or an zu Tréier.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dem Tom Oberweis no, gouf et also bei senger Entreprise duerch d'Héichwaasser grousse Schued. Elo misst vill improviséiert ginn, well e ganze Stack vum Gebai vun Oberweis op der Cloche d'Or ewech fält. Mat Héichdrock géif een zesumme mat spezielle Firmaen d'Lokalitéiten desinfizéierten, propper maachen, dann den Decompte vun de Schied maachen, ier een da mat den Assurancen eng Eenegung misst fannen.

Vun den am ganzen 320 Leit Personal vun der Entreprise Oberweis, wieren der eng all Dag eng 80 op der Cloche d'Or am Asaz gewiescht.

"D'Vendeusen, déi souzen hei ze kräischen an déi hu gehollef hei, déi hunn elo schonn all Dag elo ech weess net wéi vill Stonne geschafft, fir alles eraus ze kréien, dat ass schonn impressionant. Et ass am Fong dat wat engem de Courage gëtt fir weider ze fueren, wann e seng eege Leit gesäit, déi sech esou de Aarsch oprappe fir dat propper ze kréien. Dat ass formidabel."

Fir e groussen Deel vum Personal huet wéinst dem Héichwaasser awer musse Kuerzaarbecht ugefrot ginn, esou den Tom Oberweis.

D'Entreprise huet wéinst dem Schued duerch d'Héichwaasser op der Cloche d'Or och staatlech Finanzhëllefen ugefrot, wéi se d'lescht Woch decidéiert gi waren. Et misst een elo sou séier wéi méiglech de Constat maachen a gläichzäiteg ufänken de Betrib erëm un d'Lafen ze kréien.

A senger Funktioun als President vun der Handwierkerkammer huet hien eis nach gesot, datt am Ganze - dem aktuelle Stand no - knapp 20 aner Handwierker-Entreprise Schued wéinst dem Héichwaasser haten.