Radioen

On air

Resonanzen  |  Tommaso Traetta - Bella armonia vieni, aus 'Le Feste d'Imeneo' (Oper) - Nuria Rial (Sopr.), Artemandoline, Juan Carlos Muñoz (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grousse Schued an der Kläranlag zu Iechternach

No den Iwwerschwemmungen

Grousse Schued an der Kläranlag zu Iechternach

Bei der Iwwerschwemmungskatastroph Mëtt Juli war och d'Ofwaasserinfrastruktur betraff. Besonnesch schlëmm getraff huet et d'Kläranlag vum Sidest zu Iechternach. Déi elektresch Installatioune stoungen dobäi komplett ënner Waasser a mussen erneiert ginn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Um hallwer zwou an der Nuecht hat de Sidest-Direkter Jean-Marie Ries nach gemengt, datt déi ronn 30 Pompelen et géife packen d'Héichwaasser aus der Kläranlag eraus ze halen. E puer Stonne méi spéit war kloer, datt dorausser näischt méi géif ginn.

An engem reegelrechten Tsunami huet d'Waasser d'Dieren an d'Fënsteren am Keller vum Gebai agedréckt. Bannent Minutte stoungen d'Kellerraim mat den elektreschen Installatioune komplett ënner Waasser.

D'Waasser ass duerch eng Fënster an de Keller vun der Kläranlag komm

Éischt Prioritéit wier dee Moment gewiescht, d'Anlag nees un d'Lafen ze brénge fir datt d'Ofwaasser net weider ongekläert an d'Sauer leeft. Zanter dem 20. Juli funktionéiert d'Kläranlag erëm, och wann nach Verschiddenes manuell bedriwwe gëtt. Deelweis goufe provisoresch Kompresseren higesat fir Loft an d'Kläranlag ze blosen.

De Schlamm, dee bei der Kläranlag ufält, muss nach iwwerpréift ginn, ob dee belaascht ass an ob eventuell nogebessert muss ginn. Allgemeng wier een awer mat engem bloen A dovu komm, well de Rez-de-chaussée mat sëllegen elektresche Steierungsapparater ëm e puer Zentimeter verschount bliwwen ass, soss wier en Totalschued ginn.

De Keller stoung séier ënner Waasser

Beim Bau vun enger Kläranlag gëtt gekuckt, wéi héich d'Héichwaasser komme kann, zielt de Jean-Marie Ries. Bei der Kläranlag vun Iechternach war dat d'Honnertjäregt Héichwaasser - et war also virgesinn, datt d'Waasser ni bis bei d'Kläranlag géif kommen. Bei den Iwwerschwemmungen am Juli ass d'Waasser en hallwe Meter driwwer gaangen, schätzt de Direkter vum Sidest.

Beim Elektresch an der Kläranlag zu Iechternach gouf et grousse Schued

De provisoresche Bilan vun de Schied beleeft sech op ronn zwou Milliounen Euro, op an dat obwuel d'Anlag eigentlech esou konzipéiert war, dat se en honnertjäregt Héichwaasser sollt iwwerstoen, seet de Jean-Marie Ries. Trotzdeem misst een dovunner ausgoen, datt déi Grenz iwwerschratt ka ginn, an da misst ee kucken, wat fir d'éischt futti géif goen.

Bei den Iwwerschwemmunge vum 15. Juli wier et "e bësse fatal" gewiescht: am Keller wier d'Elektresch ënner Waasser gestanen. "Wann d'Elektresch bis fort ass, da ginn d'Pompelen aus, an dann Héichwaasserschutz guer net méi méiglech", seet de Jean-Marie Ries. Et misst een dofir de Risiko ofschätze fir déi deier Apparater sou gutt wéi méiglech ze schützen.

Sidest erhofft sech staatlech Hëllefen

De Sidest-Direkter Jean-Marie Ries seet, et hätt een zwar d'Assurance kontaktéiert, déi och en Expert geschéckt huet fir ze hëllefen a fir dat finanziell ze stemmen, mee d'Assurance wäert net alles iwwerhuele kënnen.

De Jean-Marie Ries zielt hei op staatlech Hëllef. Den Héichwaasserschutz hätt net nëmmen eppes mam Ofwaasser ze dinn an et kéint net alles iwwer den Ofwaasserpräis ofgewéckelt ginn.

D'Anlag konnt mat Hëllef vu Kompresseren an Stroumgeneratoren no dräi Deeg nees a Betrib geholl ginn, wärend där Zäit hu sech Ofwaasser an Sauerwaasser allerdéngs an der Kanalisatioun komplett vermëscht. Dem Sidest-Direkter no missten d'Héichwaasserschutzmesuren och an deem Beräich zukünfteg weider ugepasst ginn.

Och wann ee villes flécke kann, missten d'Héichwaassermesurë weider ugepasst ginn: den Ëmstand, datt een a ronn 50 Joer schonn zwee Honnertjäreg Héichwaasser erlieft hätt, géif dat op jiddwer Fall noleeën.