arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss an ambitiéis Steierreform?

Zentrale Regierungsprojet

|
reading time

3 min

Grouss an ambitiéis Steierreform?

D'Regierung - respektiv déi dräi Majoritéitsparteien - schaffen de Moment un der geplangter nächster Steierreform: an Aussicht gestallt gëtt eng "grouss an ambitiéis Reform". Ee vun den Haaptpunkte soll d'Individualiséierung bei der Akommesbesteierung ginn. Aner Prioritéite solle Changementer bei der Besteierung am Logementsberäich sinn, grad wéi eng ëmweltfrëndlech Besteierung, hat de Finanzminister schonn de leschte Summer ugekënnegt.

reading time

3 min

2020 soll dat zentraalt Joer fir d'Preparatioun vun der geplangter nächster Steierreform ginn, hat de Pierre Gramegna am Juli d'lescht Joer annoncéiert.

An hirem Koalitiounsaccord vun Enn 2018 hat d'Regierung ugekënnegt, datt si eng "previsibel a koherent Steierpolitik" wéilt ausschaffen an ëmsetzen. D'Regierun hätt sech bereet erkläert fir d'Steierreform nach an dëser Legislaturperiod ze deposéieren an ze stëmmen. Hie wier sech bewosst, datt dat fir verschidde Leit "nach wäit ewech" wier. Opgrond vun der Evergure vun der geplangter Reform wier dat awer en ambitiéisen Zäitplang, sou de Pierre Gramegna.

Ambitiéise Projet

Zanter der leschter Rentrée gëtt an Aarbechtsgruppen un der Steierreform geschafft a Gewerkschaftsvertrieder haten Entrevuë mam Finanzminister, fir iwwer déi geplangte Reform ze schwätzen.

Bei de Budgetsdebatten den 18. Dezember an der Chamber sot de Pierre Gramegna:

"Mir sinn am Gaangen drop ze schaffen, dat gëtt déi déifste Steierreform, déi mer säit ganz laanger Zäit zu Lëtzebuerg gemaach hunn. A mir si matten dran."

Bei den Debatten iwwer de Staatsbudget fir 2020 huet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry gewarnt, datt déi geplangte Reform "kee Selbstläufer" wäert ginn, an datt dofir Sue wäerten néideg sinn. Et sollt "eigentlech kee Mënsch eppes verléieren", sou den Alex Bodry, deen dorop higewisen huet, datt d'Marge de maneuvre kleng wier.

Zweiwel iwwer de finanziellen Impakt

Wat de finanziellen Impakt vun der nächster Steierreform ugeet, huet d'Oppositioun Zweiwel, sou den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen:

"Déi Rechnung vun der Regierung wäert eiser Meenung no net opgoen. Et geet net op, datt ee seet, mir maachen eng Steierklass a kee verléiert eppes, an et wëllt een och nach aner Rektifikatiounen an der Steiertabell maachen. Wann d'Regierung dat fäerdeg bréngt, da sinn ech deen Éischten, deen heihinner kënnt a se felicitéiert. Mee ech gleewen net drun."

CSV fuerdert steierlech Entlaaschtungen

D'CSV-Fraktioun fuerdert am Kontext vun der geplangter Steierreform Entlaaschtungen. Dat huet d'Fraktiounscheffin Martine Hansen viru knapp 14 Deeg um Krautmaart nach eng Kéier däitlech gemaach. Fir d'CSV misste virun allem Leit mat manner Akommes an d'Mëttelschicht entlaascht ginn. "Dat ass eng kloer Prioritéit fir eis. Vun de Majoritéitsparteien hunn ech dat nach net esou kloer héieren", sou d'CSV-Fraktiounscheffin.

Och vu Gewerkschaftssäit koum d'lescht Joer d'Fuerderung no Entlaaschtungen. De CGFP-President Romain Wolff huet am September gefuerdert, datt déi natierlech Persoune considerabel missten entlaascht ginn.

Wat d'Steierpolitik ugeet, ass scho gewosst, datt 2021 - och hei am Land - eng CO2-Steier ageféiert gëtt. Bei der Presentatioun vum nationalen Energie- a Klimaplang Ufank Dezember war ugekënnegt ginn, datt vum nächste Joer un 20 Euro pro Tonn Kuelendioxid-Emissioun fälleg ginn. 2022 an 2023 kommen nach all Kéier fënnef Euro pro Tonn dobäi.