Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grondsteier-Reform: "Et gëtt intensiv un Amendementer geschafft"

Nom Avis vum Staatsrot

Grondsteier-Reform: "Et gëtt intensiv un Amendementer geschafft"

Un den Amendementer fir d'Reform vun der Grondsteier géif intensiv geschafft ginn, verséchert d'Inneministerin Taina Bofferding op Nofro hin. Am Juni huet de Staatsrot ee kriteschen Avis zum Gesetzesprojet ofginn, deen ënner anerem als ee weidert Instrument gesi gëtt, fir géint déi héich Logementspräisser virzegoen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Iwwer eng Dosë formell Oppositioune waren am Avis vum Staatsrot iwwer de projet de loi fir d'Grondsteier-Reform. Un den Amendementer géif an den zoustännege Ministèren elo geschafft ginn. Vill Zäit bleift awer net méi, weess och d'Taina Bofferding.

"Den 8. Oktober sinn d'Walen. Dat gëtt e bëssen enk. Ech hätt mir och gewënscht, datt den Avis vum Staatsrot bëssen éischter komm wier. Dann hätte mir och kéinten eis Aarbechten éischter ophuelen. Meng Leit, zesumme mam Finanz- a mam Logementsministère, mir ginn alles. Mee ech muss agestoen, d'Zäit ass natierlech intensiv."

Ënnerschiddlech Elementer géifen an d'Grondsteier era fléissen: geographesch Lag, Surface vum Terrain an aktuell Präisser um nationale Marché zum Beispill. Ënner verschiddene Konditiounen hätt ee Proprietär och ee Recht op een Abattement. Dofir muss een awer selwer dra wunnen.

Op een Terrain, deen eidel steet, ass eng Mobilitéitssteier geplangt, déi bei null ufänkt a mat de Joren erop geet. Dat selwecht och fir Wunnengen an Haiser, déi eidel stinn.

Ee ganz neie Projet de loi wier net néideg

Am Avis gëtt ënner anerem kritiséiert, datt fir déi zwou Mobilitéitssteieren an d'Grondsteier ënnerschiddlech Prozedure virgesi sinn. D'Inneministerin seet, se géif dës Kritik verstoen.

"Jo, also mir hunn eng Rei Opposition formellë kritt, wat bei sou engem vaste Projet net verwonnerlech ass. Do sinn eng Rei Froen, wou mir eis lo juristesch musse bësse méi de Kapp driwwer zerbriechen, mee et sinn awer Saachen, déi mir behuewe kréien."

E ganz neie Projet de loi wier awer net néideg, mengt d'Inneministerin.

Trotz den Amendementer, déi elo nach musse gemaach ginn, wëll d'Inneministerin awer un den Ziler vum Gesetzesprojet festhalen. Et wäert egal wéi dann déi nächst Chamber sinn, déi sech muss domat ausernee setzen.