Radioen

On air

Notturno  |  Pinegrove - Intrepid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grippewell: "All d'Leit op de Coronavirus ze testen ass net realistesch"

Coronavirus

Grippewell: "All d'Leit op de Coronavirus ze testen ass net realistesch"

Den däitsche Virolog Alexander Kekulé fuerdert, datt all Mënsch, deen d'Symptomer vun enger seriöer Gripp huet, misst op de Virus getest ginn. Dat wier dem Direkter vun der Santé no net ëmsetzbar an och net rational. Momentan wier iwwerdeems an Europa an och zu Lëtzebuerg déi generell Grippeperiod, och dofir wier et net sënnvoll an net realisabel fir quasi déi ganz Populatioun op de Coronavirus ze testen, esou de Jean-Claude Schmit.

auto_stories

1 min

Et dierft een d'Laboratoiren net iwwerfuerderen, dofir géife Leit mat Symptomer am Moment just da getest ginn, wa si virdrun an enger betraffener Regioun waren, sou de Jean-Claude Schmit. Fir eeler Leit gëllen an esou Fäll iwwregens déi selwecht Reegelen, wéi fir méi jonk Patienten.

Zu Lëtzebuerg si bis elo eng 20 Leit op de Coronavirus getest ginn, déi Tester waren alleguer negativ. D'Recommandatioune wiere ganz kloer, sou de Jean-Claude Schmit.

"Een, deen aus enger Risikoregioun kënnt, also eng Regioun, wou de Virus circuléiert, deen op Lëtzebuerg zeréckkënnt an dee Symptomer huet - dat heescht Féiwer, Otemnout, oder Houscht - dee soll sech bei der Inspection sanitaire mellen. An dann organiséiere mir, datt déi Leit esou séier wéi méiglech getest ginn."

De Risiko, datt deen neie Coronavirus et och bis op Lëtzebuerg packt, schätzt den Dokter Schmit als "moderat" an. Auszeschléisse wier et natierlech net, de Risiko wier awer och net enorm héich. Mee wann, da si mir preparéiert", sou den Direkter vun der Santé.