Radioen

On air

Resonanzen  |  Igor Strawinsky (arr. Agosti) - Der Feuervogel, III. Finale - Giuseppe Albanese

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Griichesche Jughurt vs. Rifkin

Wirtschaft

Griichesche Jughurt vs. Rifkin

D'Regierung ass sech oneens iwwert de Bau vun der Jughurtfabrik Fage, déi Enn 2018 soll an der nationaler Aktivitéitszon Wolser entstoen. Och déi concernéiert Gemenge weise sech skeptesch. Et misst ee sech d'Fro stellen, ob d'Jughurtfirma net e Widdersproch zu der effizienter Strategie wier, déi d'blo-rout-gréng Majoritéit sech selwer gëtt, sou d'Reaktiounen.

auto_stories

3 min

Viru gutt zwou Wochen huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider an der Chamber Debatt iwwert d'Rifkin-Etude op d'Wichtegkeet vun de Betriber am Beräich nohalteg Entwécklung opmierksam gemaach. "Si mussen et fäerdeg bréngen, ëmmer méi nohalteg a ressourceschounend ze produzéieren". D'Regierung géif dat encadréieren an ënnerstëtzen.

De gréngen Nohaltegkeetsminister huet an der selwechter Debatt skeptesch op dës Aussoe reagéiert. De François Bausch huet d'Fro opgeworf, a wéi wäit déi grouss international Jughurtsfabrik Fage wierklech an d'Strategie vun der Regierung géif passen.

"Oder maache mir net op eemol Saachen, déi am Géigesaz zu dem stinn, wat mir an der Rifkin-Strategie beschreiwen?"

Wann d'Regierung sech op de selwechte Modell, wéi virun 30 Joer géif baséieren, da kéint een d'Strategie och direkt an déi éischt bescht Poubelle geheien, esou de François Bausch.

Skeptesch weise sech och déi concernéiert Gemenge Beetebuerg an Diddeleng. Et wier ee frou iwwert all Aarbechtsplaz, déi duerch d'Industrie géif geschaaft ginn. Mä dat misst op eng nohalteg Aart a Weis geschéien, esou déi gréng Beetebuerger Schäffin Josée Lorsché, déi op national Firmen opmierksam mécht. "Mir hunn am Land schonn eng ganz Réi regional Entreprisen, déi Sitë sichen, déi och Aarbechtsplaze fir Leit hei am Land schafen." Et wier net gutt, Betriber aus Amerika oder Griicheland unzéien, déi wéinst Steiervirdeeler géifen heihi kommen an net u Lëtzebuerg gebonne wieren.

Héije Waasserverbrauch

D'Jughurtsfabrik, déi op enger Fläch vu 15 Hektar soll entstoen, géif 2.500 Meter Cube Waasser pro Dag brauchen. Dat wiere ronn véier Prozent vum ganze Waasserkonsum, deen de Waassersyndikat SES-Süde géif liwweren, sou den Direkter Tom Levy. Op ee Joer gerechent wieren dat iwwer 900.000 Meter Cube. Dat géif dem Joresverbrauch vun enger Stad wéi Diddeleng entspriechen.

E richtege Problem géif et awer eréischt da ginn, wann d'Temperaturen iwwert eng länger Zäit exzeptionell héich wieren. Dat wier éischter seelen, dofir schwätzt den Tom Levy vun enger machbarer Aufgab. An den nächste Jore géif et allerdéngs ëmmer méi enk ginn an de Waasserverbrauch géif an d'Luucht goen, well ëmmer méi Leit a Firmae Waasser géifen notzen. Déi nei SEBES-Anlag, déi 2021 soll kommen, géif de Problem awer verklengeren.

Zousätzlech Verkéiersproblemer duerch Fabrick

Niewent dem Waasser maache sech d'Gemenge Suerge wéinst dem Trafic, deen duerch déi nei Fabrick nach wäert zouhuelen, sou de CSV-Buergermeeschter Laurent Zeimet. Duerch den neie Site vun CFL Multimodal an dem Eurohub wier den Trafic tëschent Beetebuerg an Diddeleng scho grouss. Virun zwee Joer wier eng Etude gemaacht ginn, fir d'Konsequenze vum Trafic z'analyséieren. Bis elo wieren d'Äntwerten, déi ee vum Staat kritt hätt, awer zréckhalend. Dofir kéint een net soen, ob d'Implantatioun vun der Jughurtsfabrik ze packe wier, seet de Laurent Zeimet.

D'Fabrick Fage soll an déi national Aktivitéitszon Wolser kommen, deemno wier et net d'Missioun vun de Gemengen, fir juristesch géint de Projet virzegoen, sou de Laurent Zeimet. D'Gemeng géif net selwer de Choix vun de Betriber maachen, déi fir déi national Aktivitéitszone virgesi sinn. Hie wier duerch d'Press gewuer ginn, datt déi Jughurtsfabrik soll op Beetebuerg kommen. D'Gemengeresponsabel wieren erstaunt gewiescht, wéi optimistesch déi staatlech Instanzen un dee Projet erugaange wieren. D'Gemeng wier just zoustänneg fir de PAP ze stëmmen, sou de Laurent Zeimet. Déi Prozedur wier elo sou gutt wéi ofgeschloss.

Ze optimistesch?

D'Decisioun soll e Freideg am Beetebuerger Gemengerot falen. Zu Diddeleng huet d'CSV an déi gréng Oppositioun sech enthalen. Elo muss nach op d'Ëmweltprüfung vum Ëmweltministère gewaart ginn. Déi griichesch Molkerei Fage wëllt an enger éischter Phas 100 Milliounen Euro zu Lëtzebuerg investéieren an 100 Leit beschäftegen. Wéi eng Zort Mëllech d'Fabrick fir hir Jughurtsproduktioun wëllt benotzen, ass nach onkloer. Fage war bis ewell nach net fir eng Stellungnam z'erreechen. De Wirtschaftsministère wollt sech net zum Projet äusseren.