Däitschland Gréng Schlussoffensiv
Nach gutt siwe Woche sinn et bis zur däitscher Bundestagswal. Siwe Wochen, an deenen d'Bündnis90/Die Grünen nach mat Inhalt wëlle punkten. Deen huet bis elo tëschent Plagiat-Skandaler a CV-Tuning nach keng grouss Roll gespillt. Mat hirem Klimaschutzsofortprogramm, deen déi däitsch Gréng elo presentéiert hunn, ënnermauert d'Partei hir Uspréch am Fall vun enger Regierungsbedeelegung.
De Bundestagswalkampf hate sech déi däitsch Gréng anescht virgestallt. Nodeems d'Partei an de leschten zwee Joer an de Sondagen ëmmer méi héich geklommen ass, deelweis souguer d'Unioun vun CDU an CSU iwwerflunn hat, hätt ee kënne mengen: mam Kärtheema Klimaschutz gëtt dee Walkampf 2021 e Selbstleefer.
Bis elo war dovun awer net vill ze gesinn. No der Ufankseuphorie ëm d'Nominatioun vun der Annalena Baerbock als Kanzlerkandidatin hunn déi Gréng - a besonnesch hir Spëtzekandidatin - missen astiechen. CV verschéinert, am Buch plagiéiert, op Kritik trotzeg a motzeg reagéiert. Virun allem awer: am ganzen Duercherneen hunn déi däitsch Gréng et net gepackt, hir inhaltlech Propose prominent ze placéieren.
Nee, am däitsche Bundestagswalkampf ass et bis elo net wierklech vill ëm Inhalter gaangen. Net just bei de Gréngen, wuelgemierkt, och Unioun oder SPD kréien net wierklech en Theema als hiert festgeneelt.
Klimaschutz als Kärtheema
D'Bündnis90/Die Grünen wëllt dat am Schlusssprint virun der Wal vum 26. September awer nach séier änneren - e Klimaschutzsofortprogramm ass de Wee, deen d'Parteispëtzt ëm d'Annalena Baerbock a Robert Habeck dofir gewielt hunn. An anere Wieder: eng Rei Proposen, déi sollen ëmgesat ginn, sollten déi Gréng Deel vun der nächster Regierung sinn.
Wa Klimaschutz kee Kärtheema vun der nächster Regierung ass, kéint een d'1,5-Grad-Zil net erreechen, sot d'Annalena Baerbock. Deementspriechend grouss ass dann och d'Roll vun dësem Zil an de Propose vun de Gréngen.
Sou soll et zum Beispill an enger nächster Regierung e Klimaschutzministère ginn - mat engem Vetorecht. D'Iddi ass einfach: de Klimaschutzministère kann e Veto bei Gesetzespropose vun anere Ministèren aleeën, wann dës géint de Klimaaccord vu Paräis verstoussen.
Ee Quick-Fix ass net méiglech
Déi aner Fuerderunge kommen u sech gréisstendeels aus dem grénge Walprogramm a sinn net wierklech nei: den Exit aus der Kuel bis 2030, en CO2-Präis vu 60 Euro pro Tonn an en Tempolimit op der däitscher Autobunn. Och fir d'Verbrennungsmotoren ass an de Pläng vun de Gréngen 2030 Schluss.
Mee och déi Saachen, déi net an dësem Klimaschutzsofortprogramm drastinn, schwätze fir sech. Wat den CO2-Präis zum Beispill fir d'Autofueren oder d'Heize vun Haiser bedeit, gëtt net preziséiert. Och net, wat déi Gréng mat de Kuerzstreckeflich wëlles hunn.
A souwisou: E Quick-Fix fir d'Klima ass - trotz dem "Sofort" am Numm vum Programm - natierlech net méiglech. Déi proposéiert Mesurë wieren op Joren ausgeriicht - an zimmlech deier. 500 Milliarden Euro bis 2030, sou huet de Robert Habeck et virgerechent.
Et gëtt vill Kritik
Kritik um Programm gouf et ënner anerem vun der liberaler FDP. Déi gesi keng Méiglechkeet, dëse Pak u Mesuren ze finanzéieren. Mee och d'Klimaschutzbeweegung Fridays For Future, a ville Punkte jo Ënnerstëtzer vun de Gréngen, ass net zefridden. De Kohleausstieg bis 2030 zum Beispill kënnt Fridays For Future vill ze spéit.
Bleift nach d'Fro vun der Ëmsetzbarkeet. Jo, e Klimaschutzministère mat Vetorecht - um Pabeier eng gutt Iddi. Mee mat wéi enge Koalitiounspartner ass dat machbar? Mat der Unioun vum Armin Laschet wuel éischter net - dobäi ass Schwaarz-Gréng momentan eng vun de wéinegen Koalitiounsméiglechkeeten, déi no den aktuelle Sondagen och eng Regierungsmajoritéit hätten. Siwe Wochen hunn déi Gréng nach, fir och déi Fro ze klären. Soss bléift de Klimaschutzsofortprogramm um Ënn integral an der Oppositioun hänken.