Radioen

On air

Notturno  |  William LX - Carmelo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Gréissten Deel vun de Bierger hale sech net un den Arreté"

Policegewerkschaft

"Gréissten Deel vun de Bierger hale sech net un den Arreté"

Bei der Police wieren déi éischt Mataarbechter positiv op den neie Coronavirus getest ginn. Dem Pascal Ricquier no wier d'Organisatioun den Ament net einfach. D'Sécherheetsmesurë géifen awer virgesinn, datt d'Mataarbechter opgedeelt an net jiddweree matenee am Asaz wier. Et hätt ee sech esou organiséiert, datt déi Polizisten déi erausfueren, dee selwechten Auto géife behalen. D'Police hätt och e Stock u Schutzmaterial, dorënner Masken, Brëller a Plastikshändschen.

auto_stories

1 min

De Pascal Ricquier ass de President vun der Police-Gewerkschaft

Et wier wichteg, datt déi Leit déi Kontrolle maache prioritär Schutzmaterial ausgedeelt kréien. Dem President vun der Police-Gewerkschaft no wier d'Schutzmaterial wärend de Kontrollen nach net am Gebrauch.

"Mir hunn och de Moie vun deenen, déi Kontrolle gemaach hunn, matgedeelt kritt, dat de gréissten Deel vun de Bierger sech net un den Arreté halen, dee vun der Regierung ausgestallt gouf."

Bestrofunge fir esou e Verstouss wieren zwar am Gesetz, op dat sech dat neit Reglement vun der Gesondheetsministerin baséiert, virgesinn - wieren dem Pascal Ricquier no awer mat enger schwéierfälleger Prozedur verbonnen an net effikass genuch.

"D'Police muss also d'Moyene kréien, an esou Situatiounen direkt en Avertissement Taxé an adequater Héicht ofzehuelen, wéi dat och am Stroosseverkéier ka gemaach ginn."

Fir d'Grenzkontrolle wier d'Lëtzebuerger Police den Ament net zoustänneg.