Radioen

On air

Notturno  |  Maija Sofia - Four Winters

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gréisser Pann bei WhatsApp

Technesche Feeler

Gréisser Pann bei WhatsApp

De Moie gouf et eng weltwäit Pann bei WhatsApp. Och Lëtzebuerg war betraff. Vun 9h20 bis no 11h00 Auer, bal zwou Stonne laang, goufen et Connexiounsproblemer an et konnte keng Message méi geschéckt ginn. Elo geet erëm alles.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Ronn zwou Stonne laang war et Notzer haut weder méiglech Messagen ze schécken nach der ze kréien, respektiv sech op hire WhatsApp-Kont anzeloggen. Wéi e Laffeier huet sech op Twitter den Hashtag #whatsappdown verbreet, iwwer deen Notzer vun hire Problemer bericht hunn.

DownDetector.com, e Site deen technesch Problemer suivéiert, hat de Moien als éischt déi weltwäit Pann gemellt. Kuerz drop gouf dës vu Meta bestätegt. Aus der Zentral vum Mammen-Konzern vu WhatsApp - zu deem och Facebook, Instagram an de Messenger-Déngscht gehéieren - huet et geheescht:

"Mir sinn eis bewosst, datt eng Rei Leit aktuell Problemer beim Verschécke vu Noriichten hunn a mir schaffen drun, WhatsApp fir alleguer esou séier ewéi méiglech erëm ze retabléieren".

Meta nennt technesch Pann als Ursaach

Kuerz no dëser Erklärung aus dem kalifornesche Menlo Park goung den Noriichtendéngscht dann och erëm. Als Grond fir d'Pann gouf - ouni weider Detailer ze präziséieren - en technesche Problem genannt.

Scho virun engem Joer war et bei Meta zu enger gréisserer Stéierung komm, vun där WhatsApp, Messenger, Facebook an Instagram betraff waren. Deemools hat de Grupp vum Mark Zuckerberg zouginn, dee WhatsApp 2014 fir 19 Milliarden Dollar kaaft huet, datt et sech heibäi ëm e Feeler hirersäits, an net ëm en technesche Problem gehandelt hätt.

De gratis Noriichtendéngscht WhatsApp huet viru knapp zwee Joer d'Grenz vun zwou Milliarden Notzer weltwäit iwwerschratt.