D'Luxembourg Events Association wëllt elo offensiv an déi Richtung kommunizéieren: si huet schonn e Guide mam Titel "safe to meet" erausbruecht a wäert deemnächst an engem Showroom weisen, wéi Veranstaltungen a Covid-Zäite konkret kënnen ausgesinn.
"Dat muss net heeschen, datt herno en Event ausgesäit, wéi wann e géif an enger Klinik stattfannen. Nee, esou eppes ka mat ganz flotten Ambiancen organiséiert ginn."
Wann ee sech un d'Gestes barrières géif halen, da kéint een och Veranstaltungen organiséieren, mengt de Charel Schroeder. Et wier beim Evenementiel d'selwecht déi bei anere Beräicher am Liewen: "Wa mer no beienee sinn [...] da muss een e Mask unhunn." Wann d'Leit bei engem Seminär sëtzen an zwee Meter Distanz do wier, kéint een de Mask esouguer ausdoen.
Bei Kaffispausen oder beim Iesse géifen déi selwecht Reegele gëlle wéi an der Gastronomie. "Dat heescht also, wann ee wëllt e Banquet fir 500 Leit an enger gréisser Location organiséieren hei zu Lëtzebuerg, da geet dat schonn. Dat ass net verbueden."
Delaie beim Chômage partiel
Wat de Chômage partiel ubelaangt kritiséiert d'LEA, datt deen net pénktlech ausbezuelt gëtt. Dat géif d'Tresorerie vun de Betriber op eng haart Prouf stellen, esou de Charel Schroeder. Am Ufank wieren et Start-Schwieregkeete ginn, an am Mee hätt een dräi Méint mateneen iwwerwise kritt. Zanterdeem hätt een awer näischt méi kritt.
Et géifen zwar Erklärunge fir dës Delaie ginn, mee "een Entrepreneur, dee muss einfach all Mount seng Leit bezuelen", gëtt de Charel Schroeder ze bedenken.