Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Greco-Grupp: Lëtzebuerg muss Retarden ophuelen

Greco-Rapporten

Greco-Grupp: Lëtzebuerg muss Retarden ophuelen

Guer keen, respektiv net genuch Fortschrëtter - dat ass d'Feststellung vum Greco, dem Grupp vu Staaten géint d'Korruptioun innerhalb vum Conseil de l'Europe an zwee Rapporten iwwer d'Deontologiesreegeln bei der Chamber, fir d'Onofhängegkeet vun der Justice an dem Parquet, sou wéi den Deontologiesreegele fir Regierungsmemberen, héich Fonctionnäre bei der Police.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


De Greco stellt besonnesch der Chamber eng schlecht Zensur aus. D'Deputéiert wieren net prett, fir d'Lächer am deontologeschen Dispositif zouzemaachen. Dobäi geet et drëms, wéi soll iwwerwaacht ginn, datt hir Declarations d'intérêts richteg a komplett sinn. A wéi de Kontakt vun Deputéierte mat Lobbyisten och ausserhalb vum Parlamentsgebai ze reegelen an ze dokumentéieren ass.

De Greco mécht och der gréisster Oppositiounspartei der CSV zimmlech direkt Virwërf. E regrettéiert datt d'CSV bei der Verfassungsreform drop bestanen huet, datt de Justizministère soll Weisungsgewalt iwwer de Parquet halen. Am Rapport gëtt bedauert, datt de Conseil supérieur de la Justice nach op sech waarde léisst, un deem nei Reegele fir d'Promotioun vu Procureuren a Riichter hänkt.

De Grupp vu Staaten géint d'Korruptioun stellt bei der Police eng ganz Rei Verbesserunge fest. Zum Beispill kloer Reegelen, wat d'Unhuele vu Kaddoen ugeet. An déi eenzegaarteg Identifikatiounsnummer fir d'Police-Agenten, fir datt d'Ëffentlechkeet weess, mat wiem se et ze dinn hunn. E begréisst och datt Enn d'lescht Joer nei Deontologiescodë fir Regierungsmemberen an héich Fonctionären ugeholl goufen. Och do gëtt et awer nach Verbesserungsbedarf. Dat gëllt ënner anerem fir d'Verëffentlechung vun den Avis vum Comité d'éthique an der Fro, wéi a wien Regierungsmembere sanktionéiert wa se géint hire Code verstoussen. Fir de Greco ass och bei der Exekutive d'Fro vun de Relatioune mat Lobbyisten a wéis des dokumentéiert ginn, net prezis genuch regléiert.